Isolatioun kann zu méi Gewalt am Stot féieren

© AFP (Archiv)
Déi verschidde Servicer sinn dofir och wärend der Corona-Kris weider disponibel.
Besonnesch elo, wou d'Leit doheem solle bleiwen, kann et sinn, datt de Stress eropgeet an et zu méi Gewalt am Stot ka kommen.
D'Inneministesch Taina Bofferding: „Ech observéieren Tendenzen am Ausland a lauschteren op dat wat eis d'Fachleit soen. Et besteet nämlech de Risk, dass de Stress wäert zouhuelen an d'Aggressivitéit doduerch kann an d'Luucht goen. Wat och zu méi Fäll vun häuslecher Gewalt kéint féieren. Dofir wëll ech ganz kloer dorop hiweisen, dass déi Servicer weiderhi fonctionéieren. Dat heescht wa Leit Hëllef brauchen, ass garantéiert, dass déi sëlleg sozial Servicer, Consultatiounen a Berodungsstellen, déi mer hu Leit kënnen encadréieren. Vläicht net méi an der gewinnter Form, den Accès ass elo een Aneren, mee si si weiderhin telefonesch an iwwer Email ze erreechen.“
Femmes en détresse ass och wärend der Corona-Kris ze erreechen. Op der enger Säit iwwer Mail (organisation@fed.lu) an och per Telefon. Den Detail vun deene verschiddene Servicer.
Den Zerwiss "Riicht Eraus" vun der Croix-Rouges biet déi Persounen, déi mierken, datt si aggressiv ginn, den Zerwiss unzeruffen. Hei ass och eng Permanence en place gesat ginn. Vun 9 Auer moies bis 12 a vun 1 Auer mëttes bis 4 Auer mëttes kënnen d'Persounen uruffen: 2755 5800 oder sech per Mail mellen (riichteraus@croix-rouge.lu).
Hëllef kritt een och bei infoMann. Hei kann ee sech per Mail (info@infomann.lu) oder iwwer Telefon ënnert der Nummer 274 965 mellen.