Duerch déi aktuell sanitär Kris ass d'mënschlech Aktivitéit extreem ageschränkt - verschiddener gesinn doran eng Chance fir de Planéit fir opzeootmen.

Zu Lëtzebuerg entstinn zwee Drëttel vun de schiedlechen Emissiounen duerch den Transport. An de leschten zwou Wochen ass de Stroosseverkéier drastesch reduzéiert ginn - an dat mierkt een och schonn un der Loftqualitéit an um Verkaf vun de Pëtrolsproduiten.

Coronavirus: Impakt op d'Ëmwelt? / Rep. Fanny Kinsch

De Verkaf vun Diesel a Bensinn wier ëm iwwert d'Hallschecht bis zu 70 Prozent zréckgaangen, esou déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. D'Loftqualitéit hätt sech verbessert, wéi een och kéint op der "Meng Loft" App novollzéien:

"Wann der eis App kuckt, do moosse mer verschidde Saachen. Dat Eent ass den Ozon, deen och ganz vill iwwert d'Wiederlag bestëmmt gëtt. Do kann een eng Belaaschtung hunn, déi, wann et esou schéi Wieder ass wéi an dëser Woch, ausschlaggebend ka sinn, dass et nëmme méisseg Loft-Qualitéit gëtt. Wann der dann awer déi aner Wäerter kuckt - dat sinn d'Feinstaubpartikelen an awer och Stéckoxiden - da gesäit een eng Baisse."

E Phänomeen, deen och weltwäit op Satellittebiller ze gesinn ass, seet den Direkter vun der Äerd-Observatioun bei der europäescher Weltraumagence ESA, de Josef Aschbacher. Et géif een allerdéngs och gesinn, datt zum Beispill Wuhan, wou d'Emissiounen ëm 40 Prozent zréckgaange waren, elo nees um selwechte Stand wier, wéi virun der Kris. Laangfristeg hätten d'Quarantän-Mesuren deemno keen Impakt op d'Ëmwelt.

"Man darf ja nicht vergessen, dass die gesamte Klima-Erwärmung das Ergebnis von 100 Jahren Zivilisation und 100 Jahren Industrietätigkeit ist. Der CO2-Gehalt ist ja seit Beginn der industriellen Revolution von Werten um 290 bpm auf über 400 bpm heute angestiegen und wenn jetzt 2-3 Monate reduzierte Aktivität stattfindet, dass gleicht natürlich nicht 100 Jahre industrielle Aktivität aus.", sou de Josef Aschbacher.

Dat wier, wéi wann ee géif fir e puer Wochen ophale mat fëmmen an dann nees ufänken.

Dee Verglach mécht den Ëmweltministère. Et kéint een allerdéngs d'Kris och als Chance gesinn, fir zum Beispill den Télétravail auszebauen, seet d'Carole Dieschbourg.

"Ech mengen, wa mer elo weiderdenken, da wierklech weider musse kucken, wa mer dann erëm déi wirtschaftlech Aktivitéiten ophuelen, ob mer net Saache fonnt hunn, déi eis gutt gefall hunn. Vläicht Komponenten, déi mer elo geännert hunn an déi mer da kënnen an eng Chance verwandelen, fir eng méi nohalteg Wirtschaft, an där mer manner Schmotz an Emissioune produzéieren."

Kreeslafwirtschaft, méi kuerz Weeër, méi nohalteg Konstruktioun - dat alles wier esou wuel am Interêt vun enger kompetitiver Wirtschaft, wéi vun der Ëmwelt, esou d'Carole Dieschbourg.