Observatoire social 2025Wuesstem, Wunnengsmaart an zouhuelend Ongläichheeten zu Esch

Chris Meisch
Eng Etude vum LISER, dem Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche, déi am Optrag vun der Stad Esch duerchgefouert gouf. Statistiken, déi als Guide fir sozialpolitesch Decisiounen dénge sollen.
© Chris Meisch

Ee Rapport général, dee reegelméisseg erauskënnt an ëmmer déi selwecht Indicateuren, wéi Logement, Aarbechtsmarché a Soziales, iwwert demografesch a sozial Sujete beliicht, bitt e Réckbléck op déi lescht 4 Joer. D’Editioun 2025 soll ee Point de vue op d’Verdeelung vu verschiddene soziale Phänomener pro Quartier oder demografescher Schicht, bidden.

Observatoire social 2025
Wuesstem, Wunnengsmaart an zouhuelend Ongläichheeten zu Esch

D‘Stad Esch steet virun enger ganzer Rei strukturellen a sozialen Erausfuerderungen, déi sech iwwer déi lescht Joren däitlech verschäerft hunn. Dat weist den neien Observatoire social, deen d’Entwécklungen an der Stad op Basis vu ville soziale, demografeschen an ekonomeschen Indicateuren analyséiert. De Rapport baséiert op 52 Indicateuren, verdeelt op 9 grouss Themen, vun Demografie iwwer Logement bis Gesondheet.

No engem kuerze Recul an der Covid-Zäit ass d’Populatioun zu Esch nees gewuess. Dëse Wuesstem gëtt haaptsächlech duerch Migratioun gedroen, deen d‘Stad Esch gläichzäiteg méi jonk mécht. Tëscht de Quartiere bleiwen d’Ënnerscheeder grouss – souwuel am Alter, wéi och an der sozialer Struktur. De Laurent Pacht vum LIST:

„Entre 2022-2024, on a une relance de la démographie avec +1.280 habitants en deux ans. Ça veut dire une croissance annuelle de 2% par année. On est un peu près au niveau du pays, et on s’aperçoit aussi que tous les quartiers de Esch, à l’exception d’un ou deux, ont gagné de la population notamment aux appartements et notamment des familles, des jeunes actifs et étudiants.“

Wou d’Bevëlkerung wiisst, wiisst och de Besoin u Wunnraum. Um Wunnengsmaart bleift d’Situatioun ugespaant. Och wann d’Offer un abordabele Wunnraum klëmmt, wiisst d’Demande nach méi séier, an d‘Waardezäite ginn ëmmer méi laang. Obwuel d‘Präisser vun de Wunnengen erofgaange sinn, sinn allerdéngs net onbedéngt méi Wunnenge verkaf ginn. Dat ënnert anerem well d‘Tauxe vun den Zënse staark geklomme sinn. Net onbedéngt en Escher, mee éischter ee Lëtzebuerger Phänomen, erkläert d‘Valérie Feltgen vum LIST:

“D‘Präisser vun de Loyere sinn eropgaangen, aus der einfacher Ursaach, déi Wunnengen, déi hei zu Esch ugebuede ginn, sinn immens kleng. Wat d‘Wunnenge méi kleng sinn, wat de Quadratmeter-Präis méi héich ass. D‘Wunnengen zu Esch sinn halt méi kleng, do ass ee bei 32 Euro pro Meterkaree an an der Stad ass ee bei 47 Euro pro Meterkaree.”

D’Revenue klammen zwar am Duerchschnëtt, mee d’Ongläichheeten tëscht de Quartiere, Nationalitéiten a Geschlechter ginn ëmmer méi grouss. Méi wéi ee Véierel vun der Bevëlkerung profitéiert mëttlerweil vun der Allocatioun de vie chère an och d’Nofro beim Office social ass staark an d’Luucht gaangen. De Christian Weis, Escher Buergermeeschter:

“Dat ass eng Situatioun, déi engem Suerge mécht, well et einfach wichteg ass wann een eng gutt Cohésion sociale, e gutt Zesummeliewen an enger Stad wëll hunn, dass dann och eng gewëssen Egalitéit do ass. Et ass awer op där anerer Säit och eng Situatioun wou mir bësse Réconfort gëtt, well mir dat awer beweist, dass een Accès un eis sozial Servicer do ass.”

Dës sozial Ongläichheete reflektéieren sech och an der Gesondheet. A manner favoriséierte Quartiere gi bei Kanner méi heefeg Iwwergewiicht an onvollstänneg Impfungen observéiert. Sozial Situatioun a Gesondheet sinn domat och schonn am jonken Alter enk matenee verknëppt. Den Escher Schäfferot wëll elo Mesuren op Basis vun dësen Donnéeën zéien.

Back to Top
CIM LOGO