Op der Hotline, déi am Kader vun der Corona-Pandemie, zu Lëtzebuerg en Place gesat gouf, kann ee vun elo un och eng psychologesch Ënnerstëtzung kréien.

Wéi d’Santé matdeelt, wier déi Hëllef op e puer Sproochen 7 Deeg op 7 vu moies 7 bis owes 23 Auer garantéiert. De Support adresséiert sech u Leit, déi an dësen Zäiten Ängscht an Onsécherheete verspieren a sech mat hire Froe eleng gelooss fillen.

D’Nummer ass den 8002-8080.

Ëm déi psychologesch Auswierkunge vun der sanitärer Kris geet et och en Donneschdeg an engem Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg.

Schreiwes vun der Santé

Covid-19: la hotline 8002-8080 offre désormais un soutien psychologique (01.04.2020)
Communiqué par: ministère de la Santé

La hotline 8002-8080, mise en place dans le contexte de l'épidémie de Covid-19, offre désormais un soutien psychologique multilingue, sept jours sur sept, de 7 à 23 heures.

En période de confinement liée à l'épidémie de Covid-19, beaucoup de personnes en situation de crise, d'angoisse ou de mal-être se retrouvent seules face à leurs interrogations et incertitudes.

Ce service de soutien psychologique par téléphone est donc offert à tous ceux qui en ressentent le besoin. Il est opéré par des équipes hautement qualifiées et préparées à accompagner une personne en détresse, notamment vers une téléconsultation.