
Ënnert anerem huet d‘Regierung zousätzlech direkt Aidë fir d’Independante vun 2.500 Euro decidéiert. Eenzeg Konditioun: et muss een ugemellt sinn a cotiséieren.
Dernieft reegelt e Reglement grand-ducal, dass eng Krankschreiwung wärend der Kris, net an d’Period vu 26 Woche fält, wou ee géint e Licenciement protegéiert ass. Den Delai gouf hei also ausgesat.
Da gëtt et eng zäitlech Derogatioun fir Beruffs-Camions-Chauffeuren, déi u sech eng speziell Formatioun misste maachen, fir duerch d’EU ënnerwee ze sinn. Dës gouf ausgesat, fir dass et op de Versuergungsweeër net zu Enkpäss kënnt, well et u Chauffeure géif feelen.
E speziellt Reglement erlaabt dann och elo, dass ee Schutzmaske géint de Virus op sämtlechen ëffentleche Plazen däerf unhunn. An engem Schreiwes huet d’Regierung sech um Mëttwoch och nach eng Kéier zu dësem Thema geäussert an Tipps zur Notzung vu Schutzmaske ginn.
De Wirtschaftsministère huet eng zousätzlech Enveloppe vun 30 Milliounen Euro annoncéiert fir d’Entwécklung an d’Produktioun vu Produiten am Kampf géint de Covid-19 ze ënnerstëtzen.