Enorm SolidaritéitRonn 7.000 Maske vu Fräiwëllege gebitzt
452 Benevole sinn dem Opruff vun der Regierung gefollegt fir Masken ze bitzen. Et ass een enormen Elan vu Solidaritéit, deen entstanen ass.
452 Leit bitze fräiwëlleg Masken
Dobäi koumen eng 7.000 Stéck zesummen.
Tëscht 6.000 an 8.000 Maske goufe bis elo gebitzt a vun de Scouten agelagert. Dës Woch géif d’Regierung decidéieren, wat mat deene Maske soll geschéien, heescht et vu Säite vun de Scouten.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D’Kolleege vun der Tëlee ware bei e puer Fräiwëlleger kucken, wéi si dat alles maachen a wou d’Material hierkënnt.