De Claude Meisch huet iwwert d'Decisioun, dass d'Schoule vum 4. Mee un nees lues a lues opginn, informéiert.

Wéi gëtt d’Relance vun de Schoulen organiséiert? Mat där Fro hu sech en Donneschdeg de Moien d’Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun beschäftegt. Do war och den Educatiounsminister Claude Meisch present.

Op enger Pressekonferenz en Donneschdeg de Mëtteg huet de Minister dunn Detailer genannt. An eisem Artikel fannt dir de Resumé.
Liest all déi wichteg Changementer, Ofsoen an Aussoen no an eisem Liveticker.

Um Site gouvernement.lu fënnt een de Livestream vun der Pressekonferenz och a Gebäerdesprooch. Bei de Kolleege vum 5minutes fënnt een de Livestream mat franséischem Ënnertitel.