Lëtzebuerg ass jo eent vu 6 europäesche Länner, dat bei der Etüd Discovery mat mécht.

De CHL ass prett fir d'Etüd Discovery / Rep. R. Dickes

Hei gi 4 Traitementer u Covid-19-Patiente getest, déi u sech fir aner Krankheeten entwéckelt goufen. Et geet drëms erauszefannen, wéi sécher an effikass dës Medikamenter sinn. Virgestallt gouf de Projet viru quasi engem Mount. Elo kënnen déi éischt Patienten zu Lëtzebuerg rekrutéiert ginn. D’Autorisatioune vun der Ethikkommissioun a vum Gesondheetsministère leien um Dësch. Zanter leschter Woch sinn all d’Medikamenter do, e Freideg gouf een an d’Method agewisen an e Sonndeg wären d’Codë komm, fir d’Patienten an der Etüd anzeschreiwen. Elo brauch ee just nach passend Kandidaten, erkläert d’Dr Thérèse Staub, Responsabel vum Service ustiechend Krankheeten am CHL:

D’Patienten, déi matmaache kënnen, si Patienten, déi e Mangel u Sauerstoff hunn. Patienten, déi kee Sauerstoff brauchen, kënnen net an dëser Etüd matmaachen.

Dovunner ofgesinn dierfe si och keng Problemer un den Nieren, un der Liewer oder dem Häerz hunn. Getest ginn d’Ebola-Medikament Remdizivir, den Hydroxychloroquine géint Malaria, an d’HIV-Medikamenter Lopinavir a Ritonavir. De Patient muss säin Accord ginn, fir matzemaachen. Kann awer net wielen, wéi en Traitement e kritt.

Dr Thérèse Staub: Dat ass en Tirage au sort. Dat geet alles iwwer den Internet bei de Centre principal an da soe si eis a wéi engem "bras" si sinn.

Vu datt et nach keng cibléiert Covid-19-Medikamenter gëtt, ginn d’Traitementer zanter Woche schonn onofhängeg vun der Etüd bei anere Covid-19-Patienten am CHL agesat, virausgesat se sinn averstanen. Aus dëse wéinegen Erfarunge kéint een awer näischt schléissen, esou d’Dr Staub. Fir wëssenschaftlech Erkenntnisser misst ee schonn no enger definéierter Method virgoen.

Dr Thérèse Staub: An der Studie muss een all Dag e Formulaire mat ganz ville Krittären ausfëllen, Bluttanalysen, den Dosage vun de Medikamenter. An da kuckt een de 14. an den 28. Dag, wéi den Ausgang vun der Krankheet ass.

Esou datt also elo scho wärend der Etüd e permanente Monitoring gemaach gëtt. Bei all 100. Patient gëtt ausgewäert, ob eventuell een "Aarm", also eent vun de geteste Medikamenter, schlecht Resultater huet a muss ausgeschloss ginn.

Dr Thérèse Staub: Zu Paräis hu se scho 600 Patiente getest, awer fir de Moment hu se nach kee vun den Äerm gestoppt.

3.200 Betraffener a 6 verschiddene Länner solle bannent 3 Joer bei der Discovery Etüd matmaachen. Am CHL solle 50 Patiente getest ginn.