D’Schüler an d’Enseignanten vun den Ofschlossklassen am Classique, dem Generale an der Beruffsausbildung kënne sech deemno fräiwëlleg op de Coronavirus teste loossen, dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch e Samschdeg am RTL-Moiesjournal annoncéiert.
D’Regierung huet e Freideg gréng Luucht gi fir dëse breetugeluechte Fuerschungsprojet, mat deem d’Fuerscher vum Luxembourg Institut of Health erausfanne wëllen, wéi verbreet d’Longekrankheet hei am Land ass. Doriwwer raus géifen och Iwwerleeungen lafen, wéi déi aner Schüler am Lycée an der Grondschoul getest kéinte ginn, fir eng zousätzlech Sécherheet ze kréien an e séchere Schoulstart garantéieren ze kënnen.
RTL-NEWS: Jidderee soll sech op de Coronavirus kënnen teste loossenDen Educatiounsministère bleift einstweile bei sengem annoncéierte Planning, fir d’Schoule vum 4. Mee aus un opzemaachen. Ob d’Schoulen op ginn, géif dovunner ofhänken, wéi sech de Coronavirus weider ausbreet. Den Ament geet d’Regierung dovunner aus, dass een de Covid-19 komplett ënner Kontroll huet, sou de Claude Meisch an eisem Moiesjournal. Hei géif keen Experiment gemaach. De Minister versteet, eegenen Aussoen d’Ängscht vun der Leit. Hien erwaart sech, datt ee ganz wéineg Infektioune bei den Tester vun de Schüler diagnostizéiere wäert. Wann d’Schoulen net sécher sinn, da géife se net opgemaach. E fräiwëllegen Unterrecht, wéi d’Gewerkschaft SEW an d’Studentenassociatioun Unel et e Freideg nach gefuerdert haten, kënnt fir den DP-Minister net a Fro.
De Fuerschungsprojet gëtt vum Luxembourg Institut of Health geleet a kascht 40 Milliounen Euro. Mat dësen zousätzlechen Drive-In-Tester op bis zu 17 Plazen am Land geet d’Testkapazitéit mëttelfristeg ëm 20.000 Tester den Dag erop. De Fuerschungsprojet ass net nëmmen op d’Schoule limitéiert, ma op fir jiddereen, dee wëll. Wéi gesot ass eent vun den Ziler, fir wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwert d’Verbreedung vum Coronavirus hei am Land ze sammelen.

RTL NEWS: Covid-19-Tester bei Schüler a Kanner: National Elterevertriedung wërft eng Partie Froen op