Restopolis informéiertSchüler an Enseignantë mussen hir „Frupstut“ elo online bestellen

Isabelle Henschen
De Méindeg, 4. Mee, ginn d’Ofschlossklassen zréck an d’Lycéeën. D’Kantinnen, Cafeteriaen an d’Iess-, wéi och Gedrénksautomate bleiwen allerdéngs zou.

Restopolis huet innerhalb vun zwou Wochen hire Service „Frupstut” op d’Bee gestallt. All Schüler an Enseignant kann elo seng Lunchbox online bestellen a personaliséieren. D’nächst Woch wier et nach e reduzéierte Choix, mä trotzdeem kann een tëscht 10 Sandwicher, 3 Zaloten a verschiddenen Desserte wielen.

Fir d’Bestellungen esou gutt wéi méiglech ze plangen an de Gaspillage alimentaire z’evitéieren, biet Restopolis Schüler wéi Enseignanten, hir Bestellunge fir e Méindeg e Mëttwoch den Owend nach bis 20 Auer ze maachen. Et bleift allerdéngs méiglech, bis Sonndeg den Owend 20 Auer ze bestellen.

Restopolis erënnert d’Leit drun, hire Set u Couverte matzebréngen. Operationell kann awer jiddereen och online Waasser a Couverten dobäi bestellen.

D’Kaart ka jiddereen online oder awer moies an de Keese vun all Kantin mat Boergeld oplueden. Et ass virgesinn, d’Frupstuten tëscht 09:30 an 11:30 Auer virun d’Klassesäll mat de respektive Schüler ze liwweren. Ob d’Kantinne virun der grousser Vakanz nach emol wéi gewinnt wäerte funktionéieren, kann d’Direktesch vu Restopolis d’Monique Ludovicy, nach net soen.

Back to Top
CIM LOGO