TNS Ilres huet Grenzgänger interviewt, déi all Dag aus Frankräich, Däitschland an der Belsch op Lëtzebuerg schaffe kommen.

Asti an TNS Ilres-Sondage - Reportage Monica Camposeo

Am Ganze goufe 500 Persoune befrot, dorënner 259 aus Frankräich, 131 aus der Belsch an 129 aus Däitschland. Duerchgefouert goufen d'Interviewe per Telefon (66%) an online iwwert de MyPanel vun TNS Ilres (33%), dat am Zäitraum vum 18. bis den 30. Januar.

RTL

© TNS Ilres

Déi concernéiert Salariéë schaffen an ënnerschiddleche Beräicher. Vun den däitsche Grenzgänger schaffen zum Beispill 29% am Beräich vum Handwierk a Bau, 16% am Finanzsecteur, 15% am Gesondheets- a soziale Beräich, 14% an der Fonction publique, 8% an der Industrie, 6% an anere Servicer an Entreprisen, 3% am Commerce, 2% am Enseignement, 2% Horesca an 1% am Gardiennage a Botzsecteur.

Vu Stau bis Multikulturalitéit: wéi eng Begrëffer beschreiwe Lëtzebuerg am beschten?

Stéchwierder, déi ëmmer nees gefall sinn, sinn ënnert anerem multikulturell (22%), räich (19%), schéin (19%), kleng (12%), attraktiv (8%), deier (8%), agreabel (7%), Aarbecht (6%), dynamesch (6), sécher (5%), oppen (5%), Stau (4%), modern (4%), propper (3%) a gutt (3%).

"Kleines, nettes und angenehmes Land um zu leben und zu arbeiten."

"Super pays! Très accueillant, respectueux, Propre. Bref je le respecte et je le remercie énormément."

"Teuer und zum Teil mit gutem Gehalt nicht mehr bezahlbar. Zu viele Leute wohnen in Luxemburg."

"J'admire la mixité de culture du Luxembourg. C'est un pays qui donne sa chance à tout monde."

D'Lëtzebuerger: e sympathescht, gaaschtfrëndlech, awer distanzéiert Vollek

Donieft goufe si och gefrot, wat si iwwert d'Lëtzebuerger denken. 21% hunn uginn, dass et e sympathescht Vollek ass, 14% soten, d'Lëtzebuerger wieren distanzéiert, 11% waren der Meenung, dass se gaaschtfrëndlech sinn. Aner Wierder, déi heefeg gefall sinn, sinn ënnert anerem oppen (8%), nationalistesch (7%), méisproocheg (6%), antipathesch (6%), arrogant (5%), stolz (5%) a kompetent (4%).

Wisou schaffe si zu Lëtzebuerg?

Déi meeschte Grenzgänger hunn uginn, dass si wéinst dem Gehalt eng Aarbecht am Grand-Duché gesicht hunn. E groussen Deel vun de Befroten ass heihi komm, well eng Job-Offer mat den entspriechende Qualifikatiounen ausgeschriwwe war, am Heemechtsland keng Aarbechtsplazen op waren oder well een zum Beispill eng Plaz vu Bekannte proposéiert krut.

RTL

© TNS Ilres

Fir 32% vun hinnen ass d'Pai den ausschlaggebendste Facteur, 21% fannen eng Aarbecht am wichtegsten, déi den eegene Qualifikatiounen entsprécht.
Ma grondsätzlech wieren d'Frontalieren awer immens zefridde mat hirer Aarbechtsplaz am Grand-Duché, dat geet och aus dem Sondage ervir. 84% fannen, dass si op hirer Aarbecht gutt behandelt ginn. D'Ëmfro gouf am Januar, also virun der Krise gemaach. Ma de Charel Margue hofft, dass déi aktuell Situatioun näischt un dësem positive Resultat ännert: "Ech hoffe net, dass wann eng Vague vu Faillitte kéim, déi d'Politik zwar versicht ze evitéieren, dass dann net erëm d'Frontalieren an de Chômage kéimen, well si a Secteure schaffen, wéi dem Handwierk, déi méi vulnerabel sinn. Net dass e Gefill opkënnt vu 'Mir sinn nëmme gutt genuch, wann mer gebraucht ginn'."

Kontakt zu Lëtzebuerger an der Fräizäit: jo oder nee?

Ganz ënnerschiddlech waren d'Äntwerte vun den interviewte Salariéeën, ob si och nieft der Aarbecht Kontakt zu Lëtzebuerger hunn. Bal d'Hallschecht (46%) huet geäntwert, dass ee privat heefeg eppes mat Lëtzebuerger géing ënnerhuelen, 20% just heiansdo, 19% seelen a 15% ni.

RTL

© TNS Ilres

Méi eeneg ware sech d'Frontalieren iwwert de Kontakt mat Residenten am Grand-Duché, déi keng Lëtzebuerger sinn. 74% hunn uginn, dacks eppes mat hinnen z'ënnerhuelen, 14% nëmmen heiansdo, 5% seelen a 6% ni.

Am meeschte verbonne mat Lëtzebuerg fillen sech déi méi eeler Frontalier'en, ma dat hätt awer e ganz einfache Grond, erkläert de Charel Margue vun der ASTI: "Déi jonk Erwuesse si manner verbonne mat der Plaz wou si wunnen, well si wéinst der Logementsproblematik mee och duerch d'Aarbechtsproblematik op Plaze gedréckt ginn, fir eng Wunneng oder eng Schaff ze fannen, déi net onbedéngt den éischte Choix waren. Oder si hunn déi Plaz geholl, well se do eppes fonnt hunn."

Lëtzebuerger Sprooch - eng Barrière oder éischter net?

Vun alle 519 Grenzgänger hunn 82% uginn, op d'mannst e bësse Lëtzebuergesch ze verstoen, 38% esouguer gutt. 58% vun hinne kënnen e bësse Lëtzebuergesch schwätzen, 26% vun hinnen hunn uginn, dass si et esouguer gutt kéinten.

D'Kris hätt gewisen, wéi wichteg d'Frontalier'en fir eist Land sinn, dat zum Beispill a virun allem am Fleegesecteur. Et misst awer méi mat der Groussregioun zesumme geschafft ginn, fir dass esou Situatioune wéi Grenzkontrollen, ënnert deene jo d'Frontaliere massiv leiden, net méi virkommen. Och besser Accorden, wat d'Aarbechtsrechter ugeet, wieren tëscht de verschiddene Grenzregioune wichteg.