"Extraklass"Nei Plattform soll Enseignanten den Accès zu externen Offere vereinfachen

Chris Meisch
Esouwuel d'Enseignanten aus de Grondschoulen, wéi och de Lycéeën an de Kompetenzzentere solle vun der Plattform kënne profitéieren.
De Luc Belling an de Claude Meisch bei der Presentatioun vun "Extraklass".
De Luc Belling an de Claude Meisch bei der Presentatioun vun “Extraklass”.
© Chris Meisch

Eng digital Plattform, déi all pedagogesch Aktivitéiten zesummebréngt, déi vun Acteuren aus der Zivilgesellschaft fir Grondschoulen, Lycéeën a Kompetenzzentren ugebuede ginn. Mat der neier Plattform “Extraklass.lu” wëllt den Educatiounsministère d‘Zesummenaarbecht tëscht de Schoulen an externe Partner stäerken, andeems d‘Enseignanten d‘Méiglechkeet kréien, passend pedagogesch Offeren, déi am beschten de Besoine vun hire Schülerinnen a Schüler entspriechen, op engem eenzelen Site ze fannen.

Nei Plattform “Extraklass” / Chris Meisch

Bis ewell goufen déi verschidden Aktivitéiten, déi vu Veräiner, ONGen oder kulturellen Institutioune proposéiert ginn, op ënnerschiddleche Plattformen ugebueden. Fir Enseignanten heescht dat: Vill Sichaarbecht, vill Organisatioun – an net ëmmer ee kloren Iwwerbléck doriwwer, wat elo wierklech zum Léierplang passt. Mat der neier digitaler Plattform „Extraklass“ wëllt een elo den Enseignanten eng besser Iwwersiicht iwwer déi sëlleg pedagogesch Offere fir d‘Schoulen am Land bréngen, wéi den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert.

A wat wichteg ass, dat si lauter qualitativ héichwäerteg Offeren, an et sinn awer och lauter Offeren, déi direkt a Relatioun sti mam Léierplang fir déi eenzel, dacks ganz transversal Sujete kënnen ze behandelen. Zum Beispill andeems een eng Kéier eraus op de Bauerenhaff geet, an de Science Center oder ee Kulturinstitut besiche geet. D‘Villfalt ass immens grouss, mir wëlle wierklech all gesellschaftlech Beräicher heimat ofdecken.

D’Plattform deckt dobäi eng breet Pallett un Themen of. Et geet vu Konscht a Kultur, iwwer Medien a Kënschtlech Intelligenz, bis hin zu nohalteger Entwécklung, Gesondheet oder och Finanzkompetenzen. D’Plattform faasst dës Offeren an engem zentrale Katalog zesummen an erméiglecht et den Enseignanten, Aktivitéiten einfach ze fannen an direkt ze reservéieren, erkläert de Luc Belling vum SCRIPT, dem pädagogesche Service fir Koordinatioun a Recherche. Déi komplett Kommunikatioun wäert dann iwwer déi nei Plattform lafen.

De Site ass esou opgebaut, dass een am Fong um ‘Extraklass’ wierklech alles fënnt, all Partner, mat all Offer, déi fir d‘Educatioun existéiert, déi mir gesammelt hunn, wou een dann iwwer ee Filtersystem wierklech ganz konkret ka kucken, wat ass fir mäi Cycle vu Relevanz, wat ass villäicht een Theema dat mech intresséiert. Do kann een awer och ganz geziilt direkt op der éischter Säit no Theema sichen.”

D‘Offer ass ronderëm néng gesellschaftlech relevant Theemen opgebaut, déi op den neie Léierplang vum Fondamental an de Programmer vum Secondaire ofgestëmmt sinn.
Eng wichteg Roll spillt dobäi och d’Qualitéit. All extern Offer muss eng Prozedur duerchlafen, fir sécherzestellen, datt se den Ufuerderunge vum Ministère gerecht gëtt.

Als Partner muss ee sech bei eis mellen, et gëtt een einfach gebrieft, wéi den Dossier soll opgestallt ginn. Do gëtt am Fong einfach just kontrolléiert, ob alles konform ass, an ab dem Ament, wou een als Partner säin Zougang huet, ass ee wierklech autonom. Et kann ee seng Partnersäit erstellen, et kann ee seng Offeren erstellen, déi ginn nach eemol géigegelies, op alles richteg agedroen ass. Ab dem Moment si si am Fong online an accessibel, an ab deem Ament kënne sech Enseignantë bei hinne mellen, fir op der Plattform dat ze buchen, ee Rendez-vous auszemaachen, fir an d‘Schoul ze goen, oder eeben d‘Schoul bei sech ze empfänken.

Gläichzäiteg gëtt e Monitoring-System agefouert, deen et erméiglecht, d’Notzung vun der Plattform ze analyséieren an d’Offeren dem Feedback entspriechend unzepassen. Extraklass ass ewell als Internetsite an als App disponibel, an déi éischt Offere solle spéitstens fir d‘Rentrée am September online sinn, sou den Educatiounsministère, fir direkt um Ufank vum neie Schouljoer en einfachen Zougang zu pedagogeschen Aktivitéiten ze erméiglechen.

An den nächste Woche gi vum Educatiounsministère Informatiounsversammlungen organiséiert, fir souwuel den Enseignanten, wéi och de Partner d‘Plattform an d‘Participatiounsmodalitéite virzestellen. All weider Informatioune fënnt een och op extraklass.lu.

Back to Top
CIM LOGO