
D’Hopitaux Robert Schuman (HRS) mellen e Mëttwoch eng temporär Stéierung vun hiren IT-Systemer, duerch déi vereenzelt digital Applikatiounen eng Zäit nëmme limitéiert konnte benotzt ginn. An engem Communiqué gëtt präziséiert, datt de Betrib an der Klinik trotz Stéierung weidergelaf wier.
Allerdéngs heescht et och weider, dat verschidden Agrëffer hätte missen ofgesot ginn, och wann d’Betreiung vun de Patienten séchergestallt gewiescht wär.
Zu den Hôpitaux Robert Schuman gehéieren d’Clinique Bohler, d’Spidol um Kierchbierg, d’ZithaKlinik an d’Clinique Sainte-Marie zu Esch, déi awer zanter dem leschte Joer zou ass.