Zanter e Mëttwoch dierfen d'Terrassen hei am Land nees opmaachen, e Freideg d'Caféen, d'Restauranten an d'Bistroen. Natierlech mat den néidege Mesuren.
No der Annonce vum Premier Xavier Bettel e Méindeg sinn d'Virbereedunge bei de Restaurateuren a Cafetieren op Héichtoure gelaf. Estimatioune vun der Horesca no konnten e Mëttwoch ronn 45% vun de Betriber, also all déi mat enger Terrass, opmaachen. E Freideg kommen dann och all déi aner un d'Rei. Et gouf gebotzt, et gouf gemooss an et gouf getest, wéi een elo d'Consignen am beschte kéint ëmsetzen.
Schonn e Mëttwoch de Moien huet een uechter d'Stad Leit gesinn, déi hire éischte Kaffi an der Sonn genoss hunn a mëttes war de Knuedler an d'Plëss dunn nees richteg voll mat Leit, besonnesch och, well nach Stater Maart war.
D'Horesca huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir och hiren neie Label „Safe to serve" virzestellen.
De President vun der Horesca Alain Rix: „Déi Charte ass ausgeschafft ginn, dass déi Leit, déi et ënnerschreiwen, sech un all déi Konditioune mussen halen, déi an deene Recommandatioune stinn. An ech mengen, dat ass ganz kloer. Souwisou hate mir schonn ee Guide d'hygiène, dee ganz streng ass an deen och mat der Santé ausgeschafft ginn ass. A wann d'Clientë sech souwuel wéi eis Leit dorunner halen, dann dierft dat absolut kee Problem ginn. Jidderee muss sech eben elo un dat halen, wat do ass. Et ass am Ufank e bësse penibel a 'gewöhnungsbedürfteg', mä ech mengen, dat misst awer klappen."
Scho 60 Betriber hunn dës Charte ënnerschriwwen. Systematesch kontrolléiert gëtt dat awer net, ma et géinge Stéchprouwe gemaach ginn.
Net just d'Clienten op den Dëscher kënnen hir Mask ausloossen, et gouf ervirgestrach, dass och an der Kichen d'Käch an déi, déi hëllefen, keng Mask mussen unhunn, wann d'Distanz vun 2 Meter kann agehale ginn.
De Generalsekretär vun der Horesca François Koepp:„Ma d'Käch – wa se net op 2 Meter Distanz kënne schaffen, well d'Kichen elo ganz kleng ass – da musse se eng Mask undoen, och aus Respekt, e Mataarbechter vis-à-vis vun dem Aneren. Wa se elo genuch Plaz hunn, da brauche se dat net. An de Rescht ass: Hygiène, Hygiène, Hygiène. Propper schaffen, d'Kiche propper halen, Botzen, Desinfizéiere mécht een do, wou ee kee Waasser a keng Seef huet. Ganz kloer, et ass ni falsch och nach eng Kéier Messeren a sou Saachen ze desinfizéieren."
Am Ausland goufen et rezent Beispiller vu Betriber, déi ganz zousätzlech Hygiènesmesuren och verrechent hunn. Wat recommandéiert d'Horesca?
Alain Rix:„Ech recommandéieren op alle Fall all den Restaurateuren, dat net ze maachen, well et ass kontraproduktiv. Ech mengen, mir musse jo awer kucken, dass mer hei vill Aidë kréien. An ech menge mat den Aiden, déi mir kritt hunn, am Ausland ass dat sécherlech net esou. An ech mengen, mir mussen elo och iergendwann eng Kéier ophalen a soen, mir hätten nach ëmmer gäre méi. Mir hu vill gehollef kritt. Mir mussen elo kucken, dass mer domadder eens ginn. An ech mengen, t'ass och kee Problem, fir déi Dëscher ze desinfizéieren. Ech mengen, mir si jo net déi nächst 6-7 Méint, hoffen ech mol, sou amgaangen."
D'Verloschter, déi gemaach goufen, kéint een elo souwisou net méi opfänken, mengt och de François Koepp:
„Wann ee sech elo eng ganz einfach Mëllechmeedche-Rechnung géing maachen, da seet een, et huet een ongeféier 8 Prozent vum Joresëmsaz an engem Mount. Wa mer da soen, mir sinn 2,5 Méint ewech, dann hu mer 20 Prozent manner Ëmsaz an déi kënne mer net méi ganz eranhuelen. Mir hunn eng Partie Käschte wuel bezuelt krut, da géing ech soen, da wäerte mer herno mat enger Perte – wa mer erëm géifen normal schaffen, mä dat wäert jo net de Fall sinn, huelen ech un – da misst ee rechnen, wann et elo nees géing voll unzéien, da wäre mir bei enger Perte vun 12-15 Prozent. Wat ech awer net gleewen. Ech mengen, dass mer vill Betriber wäerten hunn, déi sécher iwwer 20 Prozent Pertë wäerte verzeechnen. wann net 20, dann éischter am Niveau vun 30-40, well d'Hotellerie, déi wäert et ganz schwéier kréien. Do wäerte mer ganz laang leiden. Mir wäerten do 18 Méint bis – ech géing soen, wann et esou ass, wéi bei der leschter Kris, 36 Méint brauchen, iert mer dat do iwwerwonnen hunn."
Donieft war et déi kloer Fuerderung, dass d'TVA op Alkohol vun den elo 17 Prozent op 3 Prozent sollen erofgesat ginn, sou wéi dat och an den Nopeschlänner schonn ëmgesat gouf. Sou wier dem Secteur immens vill gehollef.
„Eng vun eise Fuerderungen ass a bleift, dass d'TVA nees op 3 Prozent erofgeet, fir de gesamte Secteur iwwert eng gewësse Period. Genausou wéi dat an der Belsch de Fall ass, an Däitschland an Éisträich de Fall ass, Fransouse ginn och op de Wee. Da musse mir dat hei och kënne maachen. Selbstverständlech mat der Viraussetzung, dass mir eis un d'Konditiounen halen, eis Präisser net ze senken, well d'Hallschent vun der Hausse vun der TVA ass op eis Käschte gaangen. Mir wëllen eis Präisser loossen, fir eis Betriber ze kapitaliséieren, dat wär eis ganz wichteg."
Bis ewell goufen iwwregens bis op den Dag genau 100 Milliounen Euro vum Mëttelstandsministère un net-remboursabel Direkthëllefen un d'Betriber ausbezuelt. Den zweete Volet vun den Hëllefe fänkt elo un – no der Reouverture iwwer 6 Méint- mam Fonds de relance et de solidarité.
De Mëttelstandsminister Lex Delles: „Wou also ee Betrib, deen och opgemaach huet, pro Salarié, dee schafft, eng Aide vun 1.250€ kritt an eng Aide vun 250€ pro Salarié, deen am Chômage partiel ass. Den Independant ass och do mat dran an de Chômage partiel wäert bis zum Schluss vum Joer bleiwen."
Gehollef ass de Restaurateuren a Cafetieren natierlech och, wann d'Leit op d'Terrasse ginn. An deem Sënn nach emol de Rappell un d'Clienten, sech un déi néideg Corona-Mesuren ze halen, och wann d'Freed grouss ass.
Gewënnspill: Sot eis, wat Dir als éischt bestellt a gewannt en RTL-Package
RTL-Artikel: Zefridde Clienten a Restaurateuren: Éischte Patt a Maufel op den Terrassen