En Opootme fir de Secteur, dee laang op dës Annonce gewaart huet an de Méindeg déi positiv Nouvelle endlech matgedeelt krut vum Premier. A Rekordzäit gouf sech also op dës Reouverture preparéiert. Net nëmmen op der Plëss waren d'Terrassendëscher praktesch all besat. Bei deem gudde Wieder hu sech et vill Leit net huele gelooss, direkt um éischten Dag vun der Reouverture vun de Restauranten, Caféen a Bistroen dobaussen e Patt oder Maufel ze huelen.
Fir de Bols bei de Cafetieren, Restaurateuren an awer och Clienten ze fillen, war um éischten Dag vun der Reouverture eng Ekipp vum Magazin live op der Plaz. Mir hu mat enger Partie Leit am Stadkär iwwert dës aussergewéinlech Reprise geschwat an iwwert d'Challengen an de leschte Méint an nächste Wochen.
D'Personal aus dem Horesca-Secteur war frou a motivéiert, fir nees unzerappen. Och wa bis ewell just op den Terrassen dierf zerwéiert ginn, war ee mam Zoulaf vun de Clientë gréisstendeels zefridden. An d'Hygiènes- a Sécherheetsmesuren hunn och net weider gestéiert. Et géif ee sech eben dru winnen, mengen souwuel déi aus dem Secteur, wéi och d'Clienten.

RTL-Artikel: erloschter an der Hotellerie: Bis zu 3 Joer, fir sech vu Corona-Kris z'erhuelen