No iwwer 2 Méint StëllstandE Freideg ass nees déi éischt Luxair-Maschinn mat Passagéier gestart

Jeannot Ries
Pierre Jans
Wéinst der Corona-Epidemie gëllen elo natierlech nei Reegele fir d'Passagéier. Eng RTL-Ekipp huet e Freideg dës nei Erfarung gemaach.
2 Méint Stëllstand:Éischt Luxair-Maschinn um Freideg gestart
Wéinst der Corona-Epidemie gëllen elo natierlech nei Reegele fir d'Passagéier eng RTL-Ekipp huet e Freideg dës nei Erfarung gemaach.

No iwwer 2 Méint Stëllstand um Findel ass e Freideg de Mëtteg nees déi éischt Luxair-Maschinn mat Passagéier gestart. Deen éischte Vol ass a Richtung Stockholm, zwee weider Volle sinn e Freideg erausgaangen, dat op München an op Hamburg.

Wéinst der Corona-Epidemie gëllen elo natierlech nei Reegele fir d'Passagéier an de Jeannot Ries, de Mike Elsen an de Pierre Jans hunn e Freideg d'Erfarung gemaach, wéi sech fléien a Corona-Zäiten ufillt, dat bei engem Aller-Retour Lëtzebuerg-München.

De Vol vu München gouf iwwregens vun de Pompjeeë mat enger Dusch begréisst. Et war ewéi wann deen éischter Fliger iwwerhaapt um Findel gelant wär.

Op d'Bild klicken, fir de Video op Facebook ze kucken.
Op d'Bild klicken, fir de Video op Facebook ze kucken.

RTL-Artikel: Findel: All Passagéier kritt e Voucher, fir sech testen ze loossen

Back to Top
CIM LOGO