OGBL/LCGB/CGFPDéi 3 national representativ Gewerkschafte fuerderen eng Tripartite

RTL Lëtzebuerg
Dat hunn den OGBL, den LCGB an d’CGFP op enger Pressekonferenz deklaréiert, dat 2 Deeg ier d’Regierung d’Sozialpartner um Schlass zu Senneng ëmfänkt.
3 Gewerkschafte fuerderen eng Tripartite
at hunn den OGBL, den LCGB an d’CGFP op enger Pressekonferenz deklaréiert, dat 2 Deeg ier d’Regierung d’Sozialpartner um Schlass zu Senneng ëmfänkt.

Op dëser Reunioun geet et drëms, de Point ze maachen iwwert den Aarbechtsmaart, d’budgetär Situatioun an d’Mesure fir d’Entreprisen z’ënnerstëtzen.

De Gewerkschafte geet dat net duer. Laut Gesetz gesäit eng Hausse vum Chômage wéi elo am Moment vir, datt d’Tripartite zesummekënnt, fir iwwert Mesuren ze decidéieren, sou d’Nora Back Presidentin vum OGBL.

Och wann OGBL, LCGB a CGFP verschidde Schwéierpunkten an hire Fuerderungen hunn, sou fuerderen déi 3 Gewerkschaften, datt d’Steiere fir d’ënnescht a mëttel Klassen op kee Fall an d’Luucht ginn. Am Géigendeel: d’Kafkraaft misst gestäerkt ginn, eventuell duerch eng Baisse vun der TVA, sou de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff. De President vum LCGB, de Patrick Dury, huet iwwerdeems den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch ferm kritiséiert, well Betriber, déi staatlech Hëllefe wéinst der Covid-Kris kréien, bis zu 25% vun hire Salariéen däerfen entloossen. Senger Meenung no misst de “Prêt temporaire de main d’oeuvre” Prioritéit sinn.

Back to Top
CIM LOGO