En Dënschdeg koum d'Informatioun, dass de Stéchdag fir dës Fusioun de 6. August wär. Dat huet den onofhängege Gewerkschaftsbond e Mëttwoch de Moien zu Esch ugekënnegt. En Dënschdeg krut een en ageschriwwene Bréif an deem Sënn.
Virun 9 Deeg hätt een den Direktioune vu Guardian Diddeleng an Nidderkäerjeng Froe gestallt, ma keng Äntwerte kritt. Guardian hätt kloer Iddien, wéilt déi awer net matdeelen, huet et beim Onofhängege Gewerkschaftsbond geheescht.
An der Froestonn iwwer Guardian en Dënschdeg an der Chamber wäre vun Deputéierte ganz pertinent Froe gestallt ginn. Den Alain Rolling, Secrétaire central adjoint beim OGBL.
"Leider krute mir an och d'Deputéiert do net déi Satisfaktioun, déi se wollten hunn."
Viru 14 Deeg goung eng 1. Kéier vun enger Restrukturatioun, spréch Fusioun, rieds. Et hätt een net domat gerechent datt ee viru "vollendet" Tatsaache gesat géif ginn.
Dass an Zukunft just nach eng Entitéit bestoe sollt, hätt een erschreckt, besonnesch well een net wéisst wat mam Personal geschitt, oder awer och mat den Investissementer.
Et wär awer näischt dozou gesot ginn. Dobäi wär och de Käerjenger Uewen 2022 um Enn. Den Alain Rolling:
"Ass dann do en Investissement geplangt? D'Direktioun huet weder jo nach nee gesot."
Enn 2021 sollt doriwwer decidéiert ginn, ob do investéiert gëtt oder net. Wann net, da géif dat och d'Enn vun Nidderkäerjeng bedeiten. D'Direktiounen hätte keng Visioun, woubäi sou een Invest awer vu laanger Hand ze plange wär. Den Diddelenger Uewe géif Mëtt Juli ofgeschalt ginn, an d'Leit géifen an de Chômage conjuncturel, spréch eng Ongewëssheet, rëtschen, wat net z'acceptéiere wär. En Dënschdeg koum dunn en ageschriwwene Bréif, mat der Annonce vum Zäitplang fir d'Fusioun. De Secretaire central adjoint beim OGBL:
"Wou dann elo decidéiert gouf, datt de Projet de transfert elo finaliséiert gëtt."
De 6. August wär de Stéchdag dofir. An deem Kontext géif den OGBL den Drock héichhalen, sou den Alain Rolling, fir dass een net dono d'Schierbelen opkiere misst.
RTL-NEWS: Glas-Firma Guardian éischt industriellt Affer vu Corona-Kris
RTL-NEWS: Och Mataarbechter vu Guardian zu Käerjeng maache sech Suergen ëm hir Zukunft
RTL-NEWS:Politik setzt alles drun, datt Guardian an Iewen zu Lëtzebuerg investéiert