Wéi eng Länner hunn dee stäerkste Reespass? Dem "Henley Passport Index" no ass dat Japan, Lëtzebuerg kënnt op Plaz 4.

Kengem Land sti weltwäit esou vill Dieren op wéi Japan, dat geet aus dem alljärleche  Reespass-Ranking vun der Londoner Kanzlei "Henley & Partners" ervir. Hire Ranking vergläicht déi weltwäit Visafräiheet, déi ee mat engem Pass huet. D'Date kommen ënner anerem vun der Internationaler Loftverkéiersvereenegung IATA.

De japanesche Reespass läit wéi gesot un der Spëtzt, 191 Länner dierf ee mat deem Pass bereesen. D'Plaz 2 geet u Singapur (190 Länner), virun Däitschland a Südkorea, déi sech déi drëtt Plaz, mat jee 189 visafräien Destinatiounen deelen.

Lëtzebuerg deelt sech d'Plaz 4 mat Italien, Finnland a Spuenien. An am Ganzen 188 Länner dierf een deemno visafräi mat engem Lëtzebuerger Reespass areesen.

Am Ranking sinn déi aktuell Reesaschränkungen duerch d'Corona-Pandemie net consideréiert.