Dréngend méi Personal fir Gesondheets- a Fleegesecteur
De Syndikat fir Gesondheet a Sozialwiese vum OGBL beklot e massive Personalmanktem am Gesondheetssecteur.
D'Fuerderunge sinn net nei, ma virum Hannergrond vun der Corona-Kris si se ëmsou méi dréngend. Am Gesondheets- a Fleegesecteur géif et massiv u Personal feelen, heescht et vum OGBL. Derbäi kéim, dass d'Beruffer an deem Secteur ëmmer manner attraktiv géife ginn. Eng Situatioun, déi dréngend misst geännert ginn, esou den Appell vun der Gewerkschaft un d'Politik.
Vill Problemer, déi et scho laang géif ginn, wieren duerch d'Coronavirus-Pandemie nach eng Kéier méi schlëmm ginn oder erëm méi däitlech ze spiere gewiescht, esou den Zentralsekretär vum OGBL Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen, Pitt Bach:
„Et geet zu normalen Zäite scho vir an hannen oft net duer. Dat heiten huet eis gewisen, dass wann et brenzeleg gëtt, et nach vill manner duer geet. Mir sinn higaangen, mir hu missen eng national Reserve kreéieren, mir hu missen op Leit zeréckgräifen, déi entweder nach ni oder scho laang net méi am Beruff geschafft hunn. Dowéinst ganz kloer de Message, fir Secteur-iwwergräifend d'Personal-Dotatiounen ëm 10 Prozent an d'Luucht ze setzen."
Et wier ee frou, iwwert d'Unerkennung, déi d'Gesondheets- a Fleegepersonal déi lescht Méint kritt hätt, ma elo misst een déi Unerkennung och am Beruffsalldag spieren. Dat heescht, d'Aarbechtskonditioune misste verbessert ginn an dat géif just goen, wa méi Leit géifen agestallt ginn, esou de Pitt Bach weider.
Well eng ganz Partie vulnerabel Mataarbechter aktuell net kéinte schaffen, missten anerer hir Aarbechtszäiten eropsetzen an Iwwerstonne maachen. Nodeems déi sougenannt éischt Well vu Coronavirus-Patienten iwwerstane war, wier fir d'Personal awer keng Zäit gewiescht, fir sech z'erblosen. Au contraire, wéi d'Chantal Gantrel vum OGBL erkläert:
„D'Personal huet sech nach net erholl vun där éischter Well. Wat kënnt elo? Elo probéiere mir dat Bescht ze maachen, fir all déi Leit opzefänken, déi mir an de Standby gesat hunn, well mir verflicht waren, si an de Standby ze setzen. Da soe mir: Ok, mir ginn erëm eist Bescht. Mä iergendwou kann een net méi säi Bescht ginn, psychologesch geet et net méi a kierperlech geet et net méi. A wat kënnt elo op eis duer? Eng zweet Well eventuell. D'Leit soen, wou huele mir déi Energie hier? Mir schwätze vu Mënschen um Terrain. Vu Mënschen, déi Mënsche sollen hëllefen. An iergendwou hänke mir ëmmer der Dotatioun hannendrun, den Aarbechtskonditiounen, déi net gi sinn, an iergendwou soen d'Leit, den Otem geet einfach aus."
Ënnert dem Slogan „Ouni eis geet näischt" lancéiert den OGBL hir Campagne, fir Drock op d'Politik ze maachen, hir Fuerderungen endlech eescht ze huelen an ëmzesetzen. Dozou gehéiert iwwerdeems och, dass d'Formatioun vun de Gesondheetsberuffer opgewäert gëtt an dass et, net méi wéi bis ewell zwee Kollektivverträg, ma just nach ee fir dee ganze Secteur soll ginn.