Am Journal vum Radio ass d'Ministesch op déi aktuell Situatioun an déi aktuell Zuele am Grand-Duché agaangen.

Paulette Lenert am Gespréich mam Jean-Marc Sturm

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert léisst keen Zweiwel méi: "Et ass eng zweet Well do".

Paulette Lenert iwwer Zuelen/Reportage Dany Rasqué

Dat huet si en Donneschdeg den Owend am RTL-Interview betount, nodeems d'Santé gemellt huet, datt et bannent 24 Stonnen 163 nei Infektioune mam Coronavirus gouf, bei 12.144 Tester déi gemaach goufen.
Et stellt ee sech natierlech d'Fro, wou all déi Leit sech ustiechen. Der Ministesch no läit de Problem nach ëmmer ganz kloer am private Beräich.

"Et si Leit, déi op Feiere sinn, sief dat ënner Kolleegen, Aarbechtskolleegen am Familljekrees. Et ass näischt ganz Spezifesches. Ganz am Ufank hate mer eng grouss Party, déi huet immens vill mateneen ausgeléist. Haut si mer éischter an enger Situatioun, wou mer kleng Saache fannen awer iwwerall. Dat mécht et net méi einfach."

Et bréicht een nach e gudden Dag fir déi Informatiounen, déi een iwwert den Tracing erakréich z'analyséieren an ze gesinn, wou den Ament deen héchste Risiko läit.

Dat wier eng Aarbecht op déi d'Santé elo all hir Energie misst setzen, och fir kënnen anzeschätzen, ob zousätzlech méi streng Moossname musse geholl ginn.

D'Paulette Lenert seet an Tëschenzäit och ganz kloer, datt eng zweet Well do ass, well et géif een elo gesinn, datt d'Courbe géif ufänken eropzegoen.

"Et bleift ofzewaarden, wéi schlëmm déi Well elo gëtt. Eng Well ass eppes, wat courbenaarteg ass op engem Stréch an et ass net ze niéieren, datt dee Stréch wierklech am Gaang ass eropzegoen. Dat war net just den Effet vun engem Dag, dat gesi mer elo iwwert eng Rei Deeg. D'Ausmooss ass haut nach net ze gesinn, dat weess een, wann de Bockel vun der Courbe bis kënnt."

De Premier hat schonn e Mëttwoch annoncéiert, datt de Regierungsrot e Sonndeg, nom EU Sommet méi wéi sécher zesummekënnt. Dat huet d'Gesondheetsministesch am RTL-Interview confirméiert. D'Paulette Lenert seet, et géif ee sech op alle Fall gesinn, fir de Point ze maachen. Do fält dann och d'Decisioun, ob erëm zousätzlech Mesurë kommen.

Xavier Bettel kritiséiert onsolidaresch Mesurë vun aneren EU-Länner géintiwwer Lëtzebuerg

Donieft huet de Xavier Bettel d'Reesaschränkunge vun Däitschland an aneren EU-Länner fir Lëtzebuerg kritiséiert.
D'Infektiounszuele wären d'Resultat vun engem konsequenten Testen, sot hien der Noriichtenagence AFP. Obwuel d'Zuele klammen, wär d'Stierflechkeet ongeféier sou héich wéi an Däitschland. Mä kee géif soen, Däitschland wier eng Gefor. De Xavier Bettel wëll iwwert déi onsolidaresch Mesuren, wéi hie se nennt, géint Lëtzebuerg um EU-Sommet schwätzen.

Lëtzebuerg géif 20 Mol méi testen wéi Frankräich an d'Belsch an 10 Mol méi wéi Däitschland. Dat géife Länner als problematesch gesinn, mä wéinstens géif hie seng Populatioun schützen, sou de Xavier Bettel. De Message kéint net sinn, fir manner testen. Dat wär net de „solidaresche Geescht, deen hie sech vu senge Kolleegen erwaart". Dat wëll hien hinnen e Freideg kloer zu Bréissel soen.

E Freideg an e Samschdeg ass den EU-Sommet zu Bréissel. D'Staats- a Regierungscheffe gesi sech nees perséinlech.
Et geet do ëm den EU-Budget an ëm d'Corona-Hëllefen a Milliardenhéicht. Et gëtt mat vill Gestreits gerechent.
Holland, Schweden, Dänemark an Éisträich wëllen d'Ausgabe vun der Unioun net nëmme begrenzen, mä kierzen. Och de geplangte Neesopbau-Programm gesinn déi „Spuersam 4" kritesch.