Zwee lescht Schminnien um Belval ginn ofgerappt
© Domingos Oliveira / RTL
Um Wupp vum Site Belval verschwënnt geschwënn e weidert baulecht Symbol vun industrielle Patrimoine.
Zwee Zillen-Tierm, déi nach um Bord vum Boulevard de la Recherche stoe bloufen, wéi de Site vun der fréierer Arbed Schmelz nei amenagéiert gouf, wäerten och lo ofgerappt ginn.
Wéi d'Suessemer Gemeng an d'AGORA-Entwécklungsgesellschaft matdeelen, géif et eng 6 Milliounen Euro kaschten, fir d'Tierm aus de rouden Zillen op Dauer z'erhalen. Tierm, déi an engem baulech schlechten Zoustand wieren an déi och net als Patrimoine klasséiert sinn, sou datt en Erhale vun dësen Deeler vun de fréieren Héichiewe kee Sënn géif maachen.






Ewell virun enger Dose Jore ware béid Tierm vun dunn 100 op aktuell 40 Meter Héicht zeréckgebaut ginn. D'Schminnie mat enger globaler Fläch vun 3.800 Meter-Carré Mauerwierk sinn ausgangs de 60er Jore gebaut ginn a waren en Deel vun der fréierer "Adolf-Emil"-Schmelz um Belval, déi hirersäits an den ARBED-Grupp integréiert gi war.
U sech sollte si ganz héich Temperaturen aushalen, eppes, wat nom Zoumaache vun der Fabrick natierlech lo net méi de Fall ass, an d'Kamäiner weider verfalen. AGORA an d'Suessemer Gemeng lancéieren en architektonesch-urbanisteschen Iddie-Concours fir den neie Quartier nieft dem Belval z'erschléissen, och muss de PAG vun der Suessemer Gemeng entspriechend ëmgeännert ginn.