D‘Individualbesteierung a just nach eng Steierklass. Déi schwaarz-blo Koalitioun schafft jo un enger Steierreform.

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth huet sech rezent mat der Staatsbeamtegewerkschaft zesummegesat. D‘CGFP begréisst den Dialog a gesäit vill Positives an der Reform. Allerdéngs géingen eng Rëscht Froen ouni Äntwert bleiwen.

D'CGFP begréisst Steierreform, huet awer vill Froen / Pit Everling

D‘Zil vun der Regierung ass et, den Ufuerderunge vun der moderner Gesellschaft gerecht ze ginn. D‘Staatsbeamtegewerkschaft stellt virop kloer, datt d‘Changementer keng zousätzlech Laascht fir Privatstéit däerfe bedeiten.

"Dat ass virun allem eng Fro, déi sech stellt bei Menagen, wou just ee Revenu ass oder wou de Revenu esou opgedeelt ass, dass ee vun de Partnere méi wéi dräi Véierel vum Gesamtrevenu verdénge géif", esou de Steve Heiliger, Generalsekretär vun der CGFP, deen op deem spezifesche Punkt op Léisungspropose vum Minister waart.

Fir elengerzéiend Persoune verlaangt de Syndikat, datt d‘Steierkreditter bäibehale ginn. Eng weider wichteg Fro betrëfft Leit, déi getrennt ginn oder bei deenen de Partner stierft: "Haut ass et jo esou, dass déi dach dräi Joer an der Steierklass 2 dee Moment bleiwen, a wann et déi Steierklass net méi gëtt, wann et nach just eng Steierklass gëtt, stelle mir als CGFP natierlech d'Fro, wat geschitt grad da mat deene Leit?"

Leit, déi haut an der Steierklass 2 sinn an do wëlle bleiwen, sollen déi Méiglechkeet kréien, awer just wärend 20 Joer. Dat géing als Iwwergangsperiod net duer, fënnt d‘CGFP. D‘Abattemente missten ugepasst ginn, sou de Generalsekretär Steve Heiliger.

De Plaffong vu 672 € Debiteurs-Zënse fir de Prêt personnel ass an den Ae vun der Staatsbeamtegewerkschaft zum Beispill net méi adequat.

Eng Revendicatioun, déi d‘Gewerkschaft scho méi laang stellt, ass déi, datt d‘Upassung un d‘Inflatioun vun de Barèmen ëm 6,5 Indextranchen net duer ginn, am Moment wier eng Korrektur ëm op d‘mannst 8 Tranchen néideg. Fir der sougenannter kaler Progressioun entgéintzewierken, verlaangt d‘CGFP en Automatismus:

"Dass et do ëmmer zu automateschen Upassunge kënnt, wann dann eng Tranche erfält, well alles anescht wier näischt anescht wéi eng verstoppte Steiererhéijung."

D‘Individualbesteierung wier ënnert dem Stréch ze begréissen. Et hofft een, datt d‘Regierung hiert Verspriechen anhält, fir eng familljefrëndlech Reform ze maachen, sou de Steve Heiliger. D‘CGFP ass och frou driwwer, datt et mam CSV-Finanzminister Gillles Roth e Sozialdialog géif. Dat wier am Moment net iwwerall de Fall.

D‘Steierreform soll 2028 a Kraaft trieden a soll 800 bis 900 Milliounen € kaschten.