Ëmfro am Optrag vun der Fondation Cancer
77 Prozent vun de Residenten ënnerstëtzen d'national Anti-Tubak-Strategie
© ENVATO
De Gros vun de Leit am Land ass der Meenung, dass et wichteg ass, de Konsum vum Tubak ze bremsen.
Lëtzebuerg wëll an Zukunft eng Gesellschaft ouni Tubak. Dat geet op d'mannst aus de Resultater vun enger Enquête iwwer d'Zoustëmmung zu der nationaler Anti-Tubak-Strategie ervir.
Der Fondation Cancer no hu sech 77 Prozent vun de Residenten prett gewisen, dës Strategie z'ënnerstëtzen. 64 Prozent fannen, dass et wichteg wier, de Konsum vun Tubak ze bremsen. Och déi Jonk sollte besser protegéiert ginn.
D'Enquête war am September vun Ilres realiséiert ginn.
Am meeschte gelies