Aus dem Policebulletin
Abréch zu Groussbus an am Neiduerf
Op e puer Plazen am Land koum et e Méindeg den Owend zu Abréch, wéi d'Police an hirem Bulletin schreift.
An der Rue de Wiltz zu Groussbus hate sech onbekannt Täter iwwert eng Dier Accès zu engem Haus verschaf an hei e puer Raim duerchwullt. En zweeten Abroch gouf et dunn an engem Appartementshaus an der Rue des Muguets am Neiduerf, wou d'Abriecher Policeinformatiounen no Bijoue geklaut hunn.
A béide Fäll gouf eng Enquête lancéiert.
D'Police weist an dësem Kontext nach emol op hir Tuyauen hin, mat deenen ee sech virun Abréch schütze kann. Dës fannt Dir hei.
Am meeschte gelies