D'Lëtzebuerg wäert seng finanziell Contributioun un engem militäresche Programm, deen op Transport-Fligere spezialiséiert ass, verdräifachen.

600 Milliounen Euro iwwer 30 Joer amplaz 172. Lëtzebuerg steigert seng finanziell Contributioun bei engem multinationale Militär-Programm massiv. Zanter 2016 mécht de Grand-Duché mat. Bis ewell sinn 8 militäresch Transportfligere vum Typ A330 kaf ginn. Mat der verstäerkter Lëtzebuerger Participatioun wäert eng Maschinn bei d'NATO-Flott dobäikommen. De Projet war en Donneschdeg an der Chamber op staark Kritik gestouss. E gouf awer guttgeheescht, dat mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien an der CSV.

A330 Militär Programm / Reportage Pierre Jans

D'Modalitéite vun deem multinationale Programm, mat un der Spëtzt Holland, sinn technesch. Lëtzebuerg bedeelegt sech elo däitlech méi, a finanzéiert iwwer 12 Prozent. Dat bedeit 1.200 Fluchstonne pro Joer. Deementspriechend misste 45 Pilote vun der Lëtzebuerger Arméi um Programm deelhuelen. Piloten, déi ee wuelverstanen net huet. Der Rapportrice vum Projet der grénger Deputéierter Stéphanie Empain no wär Lëtzebuerg awer e gudden Deal agaangen.

''En Drëttel vun deene Stonne stelle mir dann d'office deenen anere Memberstaaten zur Verfügung. Als Géigeleeschtung muss Lëtzebuerg elo keng vun deene 45 Persounen zur Verfügung stellen. Déi Léisung ass fir eis ganz interessant.''

D'CSV ass net ganz frou driwwer, ewéi d'Zomm vu 600 Milliounen Euro iwwer 30 Joer zustane koum, fënnt de Projet u sech awer gutt. Ganz anescht d'ADR. De Fernand Kartheiser ass erstaunt iwwer d'Begeeschterung vun deene Grénge fir d'Defense, fënnt d'Defense selwer och wichteg, mä deen hei Projet iwwerflësseg.

''Den A400M, dee mir kaf hunn, kann alles, wat dee MRTT kann, inklusiv fir de ''ravitaillement en vol''. E kann alles. Firwat also an deen do Programm investéieren, wa mir schonn en anere Programm hunn, wou Lëtzebuerg dru bedeelegt ass?''

A400M oder A330, dat ass dem Marc Baum vun déi Lénk egal. Hie fënnt et politesch irresponsabel um Virowend vun enger Wirtschaftskris esou eng héich militäresch Investitioun ze decidéieren, déi eben net der Entwécklungshëllef zegutt kéim, mä militäreschen Attacken. D'Arméi hätt awer zivil Responsabilitéiten, déi se beim Tornado zejoert a wärend der Coronakris erleedegt hätt.

''An dat war héchst respektabel an et war héchst noutwenneg, dass déi Aarbecht gemaach ginn ass. Eppes hu mir awer och festgestallt: wat eis do net gefeelt huet, dat war e Militärfliger. Dat huet eis an deenen zwee Fäll net gefeelt. Dat hei ass definitiv keen Arméi- an Zaldoten-Bashing. Et ass eng Kritik un där dote Militärpolitik, déi d'Lëtzebuergesch Regierung matdréit. Net méi an net manner.''

Dem François Bausch no wär een a verschiddene Situatioune frou, wann een e Militärfliger huet.

''Ech hu schonn ee Beispill gi vun der franséischer Arméi, déi hei bei eis um Findel gelant ass mat 6 Covid-Patienten. Dat war genee esou een MRTT, ewéi se hei an der Flott dra sinn. Et kann een net maachen, ewéi wann zum Beispill en zivillen Asaz ewéi an dëser Kris méiglech wär, just well een d'Leit zur Verfügung huet. Dat Material wat mir hunn, dat beschafe mir eis iwwer de militäresche Wee.''

Bis 2023 sollen d'Investissementer an d'Defense 0,72 Prozent vum PIB ausmaachen.