Äntwert op parlamentaresch FroGemenge mussen "Tiny Houses" als vollwäerteg Konstruktioun akzeptéieren

Tim Morizet
Et ass eng alternativ Wunnform, déi hiren Ursprong an den USA huet, ma och zu Lëtzebuerg ëmmer méi u Popularitéit gewënnt.
© RTL Archivbild

Riets geet vum sougenannten Tiny-Houses-Konzept. D’Iddi, de Liewensraum an engem Haus op e puer Dose Metercarré ze reduzéieren.

An enger Question Parlementaire goufen elo weider Detailer gefrot, ob dës Form vu Wunnen zu Lëtzebuerg eng Chance kritt.

Parlamentaresch Fro iwwer Tiny House / vum Tim Morizet

D’Konditioune fir en tiny, also e kléngt Haus, ausserhalb vun den Normen, an enger Gemeng ënnerzekréien, si ganz restriktiv. Zu den Hindernisser gehéiere scho minimal Ufuerderunge par Rapport zur Gréisst fir eng Wunneng a ville Géigenden.

An hirer Äntwert op déi parlamentaresch Fro hu béid d’Inneministesch, Taina Bofferding an de Logementsminister Henri Kox, präziséiert, datt all Gemeng déi Zort vun Haiser, op mat oder ouni Bëtongsfondatioun, muss als vollwäerteg Konstruktioun akzeptéieren. Wat awer och heescht, datt se iwwert den Aménagement communal an den Développement urbain geneemegt ginn a konform zu de Bestëmmunge vum PAG, PAP, a vum Bautereglement vun der jeeweileger Gemeng musse sinn.

Konkret heescht dat, datt et duerchaus wäert virkommen, datt d’Haiser net vun de Gemengen akzeptéiert ginn, well se entweder net grouss, breet, oder héich genuch sinn, oder net an d’Bild vun der Bautypology vun der Gemeng passen.

A béide Ministère géif een de Mouvement éischter als Eenzelfall gesi ginn, ma net als adequat Äntwert op d’Wunnengsproblematik. Konkret Recommandatioune fir d’Gemengen oder d’Legiferéieren op nationalem Niveau wier dohier net fir dës Form vu Wunnraum geplangt.

Et géif een awer de Gemengen ëmmer nees roden, d’Mindestbreet vun engem Reienhaus op zum Beispill 5 Meter ze reduzéieren, fir Alternative mat Gaart zu den Appartementer ze schafen. De But wier et, d’Grondfläch, ma net de Wunnraum am Kader vun der Openthaltsqualitéit ze limitéieren.

Den Inneministère preziséiert iwwerdeems, datt zu dësem Zäitpunkt keng Iwwerleeunge fir eng Siidlung vun “Tiny houses” zu Lëtzebuerg bekannt wier. D’Méiglechkeet awer géif bestoen, wa sech un d’Ëmfeld integréiert gëtt.

RTL-NEWS: Tiny House - 20 Metercarré Haus, wou een alles huet, wat ee brauch

Back to Top
CIM LOGO