An engem Communiqué widdersprécht d'CSV deem, wat de Parteipresident Frank Engel e Freideg am Gespréich mat RTL ernimmt hat.

Domat reagéiert d'Partei op rezent Aussoe vun hirem President. Am Schreiwes léisst d'CSV nämlech wëssen, dass de Walprogramm vun 2018, fir dee sech den CSV-Nationalkongress a puncto Steieren entscheet hat, weiderhi gëllt.

"Mir (d'CSV) soen Nee zu der Aféierung vun der Verméigenssteier fir Privatpersounen. Eng Ierfschaftssteier an direkter Linn ass fir d'CSV keen Thema", sou steet et am Communiqué geschriwwen.

Virstouss vum Partei-President

De Frank Engel hat och e Freideg gesot, hie wéilt den Debat iwwer d'Aféierung vun enger Verméigenssteier fir Privatpersoune lancéieren. Domat huet hie mat der klassescher CSV-Linn gebrach. Eng Ierfschaftssteier an direkter Linn dierft keen Tabuthema sinn, esou de Frank Engel. D'Land kéim an eng Rezessioun, et géif nei Contraintë ginn an dorop misst ee mat neie Mesurë reagéieren. Natierlech géif et hei net drëms goen, déi einfach, normal Leit ze belaaschten, huet den CSV-Parteipresident betount.

CSV-Visiokonferenz um Samschdeg

Doropshin hat d'CSV-Fraktioun de Samschdeg de Moien eng Visiokonferenz. Dat confirméiert de Generalsekretär Felix Eischen op Nofro hin, deen awer selwer bei där Konferenz net dobäi gewiescht wär, dat well hien am Congé ass. Hien souz awer Ausgangs der Woch mam Parteipresident Frank Engel zesummen. Iwwer d'Form an d'Manéier, ewéi de President mat sengen Iddien an d'Ëffentlechkeet gaangen ass, wëll de Felix Eischen sech net äusseren. Och d'Schreiwes vun der Partei kommentéiert de Generalsekretär net.

Weder d'Fraktiounscheffin Martine Hansen nach de President Frank Engel waren iwwer Telefon ze erreechen. RTL-Informatiounen no huet de President de Communiqué selwer geschriwwen.

Schreiwes

Für die CSV gilt weiterhin das vom CSV-Nationalkongress beschlossene Wahlprogramm von 2018, das in Sachen Steuern unmissverständlich Position bezieht:

„Wir (die CSV) sagen Nein zur Einführung der Vermögenssteuer für Privatpersonen. Eine Erbschaftssteuer in direkter Linie ist für die CSV kein Thema."

mitgeteilt von der CSV