An den 9 Atelieren um Kräizbierg dréint et den Ament wéinst der Pandemie e bësse mi lues. 114 behënnert Persoune sinn hei agestallt, si gi vun 38 sougenannten Encadrante betreit.
D’Aarbechtsklima wär zanter enger Zäit scho schlecht. Esou de Michael Ferreira, President vun der Personaldelegatioun vun den Atelieren: Iwwer d’Direktioun si Menacen opgetaucht, Ënnerdréckungen an d’Leit fille sech gemobbt. An et ass ëmmer méi oft de Fall, dass d’Leit Angscht hunn ze schaffen.Duerch den Drock an e vergréisserten administrativen Opwand hätten d’Encadrante manner Zäit, fir sech ëm déi behënnert Mataarbechter ze këmmeren. Verschiddener hätte souguer gekënnegt. Och dat géif d’Stëmmung drécken.
D’Direktioun wëll zu de Virwërf keng Stellung huelen.
De Verwaltungsrot iwwerdeems huet um Méindeg decidéiert, fir esou séier wéi méiglech en onofhängegen externen Expert ze beoptragen, d’Situatioun ze analyséieren an eventuell och Virschléi ze maachen.