Och bei der Rentrée vun der Acel, der Studentevertriedung, bleiwen déi international Restriktioune fir d'Lëtzebuerger Studenten e grousse Problem.

Corona-Restriktioune trëfft och d'Studenten

Zanter, datt Lëtzebuerg als Risikogebitt a verschiddene Länner klasséiert gouf, hätt een eng 279 Ufroe kritt, fir e gratis Corona-Test geschéckt ze kréien. 270 dovu waren eleng fir de Retour op d'Uni an Däitschland. Iwwert de Weekend wär een och nees mat Demanden iwwerrannt ginn.

Rentrée bei der Acel / Reportage Tim Morizet

Den europäesche Gedanke steet dëser Deeg net ëmmer am Virdergrond, kritiséiert de President vun der Acel, de Sven Bettendorf. Dat hätt sech, op en Neits, wärend der Pandemie bewisen. Eng Zäit, wou och eng méi jonk Generatioun nees mat Restriktiounen op de Grenze liewe muss.

D'Acel gouf dacks kontaktéiert, well d'Studenten net richteg wossten, wou se drun si mat hirem Studium. Den Problem war d’Ëmorganisatioun vum Léierprogramm op den Unien, esou d'Christelle May.

“A verschidden Länner huet et relativ gutt geklappt mat den Online-Kueren an dat ass och relativ séier en Place gesat ginn. Et ass awer och ganz dacks den Fall gewiescht, dass et net esou gutt geklappt huet. Dat heescht, dass do wierklech eng komplett Ënnerbriechung war vun de Coursen an dass et elo einfach sou ass, dass déi Studenten hir Studienzäit musse verlängeren, well dat ganzt Semester no hanne verréckelt ginn ass.”

An dësem Fall kréien d'Studente fir een zousätzlecht Semester d'Bourse vum Cedies accordéiert.

Problemer mat Gesetzer an Däitschland an Éisträich

Grousse Sujet, dat lescht akademescht Joer, war awer och d'GIS, déi éisträichesch Medie-Gebühr, esou de Benjamin Kinn, Vizepresident vun der Acel.

Dat ass d'Gebühren-Info-Service, also eng Multimedia Steier, déi ee muss bezuelen, wann een an Éisträich wunnt. De Moment ass et leider just méiglech, sech vun dëser Steier ze befreien, wann een eng éisträichesch sozial Bourse kritt. Dat ass awer eng grouss Problematik, well dat ass eng Diskriminéierung par Rapport zu Lëtzebuergeschen an awer och aneren europäesche Studenten.“

Wann eng Bourse Social aus engem Land unerkannt gëtt, also eng Exoneratioun bitt, da misst dat och fir aner Länner gëllen, esou d'Acel. Kritik gouf et och um däitsche KFZ-Gesetz, e Problem fir eng Rëtsch Studenten.

Et si virun allem Studenten a Rheinland-Pfalz ugehale ginn an déi krute reprochéiert, Geld hannerzunn ze hunn. Dat well hiren Auto zu Lëtzebuerg ugemellt war, eng Lëtzebuerger Plack hat an och d'Assurance zu Lëtzebuerg bezuelt ginn ass. Mir kruten déi Fäll elo verworf, et ass jo och esou, datt et an Europa keng duebel Besteierung gëtt.“ esou de Benjamin Kinn.

Et wier awer esou, datt Lëtzebuerger Studenten no enger gewëssener Zäit hir Autoe missten an Däitschland umellen, wa se fir hir Studien do wunnen. Eng europäesch Direktiv sollt dat verhënneren, ma Däitschland huet dëst nach net ratifizéiert.

Studentefoire dëst Joer komplett digital

Vill Evenementer vun der Acel sinn dëst Joer ausgefall. D'Studentefoire awer soll méi oder manner normal vum 12. bis den 13. November iwwert d'Bün goen. Komplett digital. De Ministère wier dobäi, de Site fir d'Umeldungen an alles fäerdeg ze maachen, esou d'Acel. Et huet een awer schonn ab dem 9. November Accès op de Site, wou een nokucken kann, wéi eng Cerclen, Unien an Organisatiounen dëst Joer op der Foire vertrueden sinn, erkläert d'Christelle May.

“Et ass och esou, dass e Live-Chat ugebuede gëtt, wou d'Schüler, d'Studenten awer och alleguerten déi aner Léit, déi gären op der Foire mat dobäi sinn, hir Froe kënne schreiwen a wou déi da vun deene verschiddenen Exposanten dann och beäntwert ginn an reeller Zäit."

Suergekand ass d'Orientatioun vun de Lycéesschüler

Suerge bereet awer virun allem de Manktem vum „face à face“ mat de Schüler aus dem Lycée, déi nach Hëllef bei der Orientatioun brauchen. D'ACEL Vizepresidentin, Christelle May.

Mir probéieren och dëst Joer nees an d'Schoulen ze kommen, fir den akademeschen Austausch ze garantéieren a fir de Kontakt mat de Schüler ze halen. Mir bidden dëst Joer awer och eng online Versioun un, wou mer de Lycéeë proposéieren, dat Ganzt via Videokonferenz ze organiséieren. Bei de Studien-Infos informéiere mir all Joer ëm déi 1.000 Schüler.“