E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, bei 133 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 227 positiv geteste Patienten. Et goufen 8.646 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganzen 10.471 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 927.726 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et 1.870 aktiv Infektioune gëtt a 8.468 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 51 (-2) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 4 Patienten dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,29. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.