D’Corona-Mesuren an d’Decisioune vum Staat kommen net bei jidderengem gutt un.
Wärend vill Leit Versteesdemech weisen, sinn anerer komplett dogéint. An dësem Kader hunn eng Partie Leit sech an der Stad versammelt, fir géint d’Covid-Mesure ze protestéieren.
Déi eng stellen d’Existenz vum Virus komplett a Fro, déi aner protestéiere géint d’ Mesuren, déi geholl ginn, fir de Virus anzedämmen. Esou och ronn 20 Lëtzebuerger Demonstranten. Et wollt awer keen vun hinnen mat eis schwätzen. Kloer gemaach gouf awer: Si manifestéieren net géint eppes, mee fir Fräiheet an Eegebestëmmung.
Wat seet dann d'Géigemanifestatioun?
Op der Plaz war och de Jeff Cigrand, e Satiriker, deen dëse Sujet awer immens eescht hëlt.
“Mir sinn där Opfaassung, dass d'Mesuren fir eng Mask ze droen, definitiv wichteg sinn an och relevant, fir dass de Coronavirus sech net méi weider ka verbreeden. Duerch esou Leit wéi si wäert et ëmmer weider goen an doduerch hu mir och eng zimmlech steil Steigerung un Infektiounen.”
Fir esou genannte Corona-Géigner huet hien keen Versteesdemech. Dat Wëssen wat bei esou Manifestatiounen verbreet gëtt, wier geféierlech an misst ënnerbonnen ginn.
“Si hunn keng Fakten, si behaapten einfach Saachen, wou si mengen, dass si esou verstanen hätten a si soen d’Leit solle sech informéieren, mee selwer hu si eng eegen Blos geschaf an där si liewen an nëmmen aus där Blos huelen si Informatiounen.”
Och an Däitschland koum et zu Manifestatiounen vu Corona-Géigner. Zu Leipzig hunn ronn 20.000 Leit sech versammelt. Vu Masken an Ofstand halen huet een hei net vill gehalen.