Nieft enger Reform vun de Statuten an der Coronakris, gouf intensiv iwwert de séieren Tram, deen d'Stad mam Süden soll verbannen, diskutéiert.

D'Eisebunnergewerkschaft hat um Samschdeg hire Kongress.

D'Gewerkschaft stéiert beim Projet vum séieren Tram, datt gemaach gëtt, wéi wa schonn alles decidéiert wär, ouni datt mat den CFL oder de Gewerkschafte geschwat gouf, seet d‘Mylène Bianchy, Presidentin vun der Syprolux. Et wiere mol nach keng 2 Joer hir, wou de selwechte Minister gesot hätt, wann et zu weideren Tram-Projete kënnt, géifen déi all a ganz ferner Zukunft leien.

D'Mylène Bianchy vun der Syprolux

An den Aen vun der Syprolux, wier dat kloer déi falsch Schinn. En Tram wier en urbaant Transportmëttel an engem zouene Circuit. Wann een do vun engem Punkt A op e Punkt B op enger fräier Streck fiert, wier dat nach ëmmer en Hoheitsgebitt vun engem klasseschen Zuch gewiescht, esou d'Mylène Bianchy. Et ass hinne schleierhaft, wisou en Tram net eng Feinverdeelung bis op Hollerech géif maachen, vu wou aus een da kéint op déi traditionell Schinn kéint wiesselen, dëst virun allem wann ee bedenkt, wat fir eng grouss Infrastrukturprojeten een aktuell hätt, mat der neier Streck op Beetebuerg.