Déi politesch Aktualitéit am Land hat et dës Woch a sech. De Georges Mischo ass net méi Minister, mä et kann ee weider drun zweiwelen, ob dem Premier domadder den néidege Befreiungsschlag gelongen ass. Ëmmerhin ass mam Luc Frieden eng éischte Kéier iwwerhaapt e Premier an der Wielergonscht aus der Topp 10 vum Politmonitor erausgefall. De Staatsminister hält weider drop, datt Schwaarz-Blo geliwwert huet a am Koalitiounsaccord derfir suergt, datt “Lëtzebuerg fir d’Zukunft gestäerkt gëtt”.
Mä ass dat wierklech sou? Wou sti mer an de groussen Dossieren no zwee Joer CSV-DP-Regierung. Dat diskutéiere mer dëse Samschdeg an der Emissioun Background mat véier Deputéierten. Der Stéphanie Weydert vun der CSV, dem DP-Fraktiounschef Gilles Baum, der LSAP-Coparteipresidentin Francine Closener an dem ADR-Deputéierte Fred Keup. De Background héiert der wéi gewinnt e Samschdeg an der Mëttesstonn live um Radio an am Stream op der App an op rtl.lu
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken.