Konkret geet et ëm e Fall aus der Stad, wou Clienten de Weekend Schampes op enger Plaz kaf, awer op enger anerer Plaz consomméiert hunn.

„Wann een dat alles eenzel zerpléckt, da kënnt ee warscheinlech zur Konklusioun, dass jidderee vu sech behaapt, en hätt näischt Illegales gemaach!“ Dat sot de Procureur d'État aus der Stad am spéide Moien am RTL-Interview.

Et goung ëm d'Fro, ob dem Georges Oswald zu Ouere komm wär, dass e Samschdeg an der Stad op enger Plaz Schampes verkaf gouf a sech d'Clienten du mat hire Glieser op Dëscher vun zouene Caféen a Restauranten niewendru sëtze goungen:

De Georges Oswald

„Deen, dee Schampes verkeeft, Take-away, dat ass eng Vente de restauration à emporter. Déi ass erlaabt. Et ass net, dass e Restauratiounsbetrib dann an engem zouene Raum op wär, mä dat gëtt dobausse gemaach, et ass à emporter. Deejéinegen, deen Alkohol da verkeeft, seet dann: Domat hunn ech meng Verflichtung erfëllt! Ech schécke mengetwegen d'Leit och nach fort vun deem Stand, a wat se dono domat maachen, dat ass net meng Responsabilitéit. An déi Restaurateuren, wann déi dann hir Terrassen nach opgeriicht hunn, awer de Betrib ass zou, déi wäerten natierlech sécher soen: Ech hunn awer keen Afloss drop, wa mäi Betrib zou ass, fir ze wëssen, ob do awer ee sech op iergendee Stull sëtzt bei mir oder net! Ech wär selbstverständlech net d'accord domat, mä ech konnt dat net feststellen, well de Betrib net op war!“

D'Leit, déi do zesumme bei Dëscher gesiess hätten, wären an der Infraktioun, wa se d'Virschrëfte vum Gesetz net respektéiert hätten, spréch am Fall, dass se zu méi wéi 4 waren. Deem, dee Schampes verkaf huet, an deem, dee seng Terrass nach dobausse stoen hat, wär dogéint schwéier e Feeler virzehalen, sou de Stater Procureur d'État.