Bewunner dierfe bei Famill goen, mussen awer dono mat Quarantän rechnen

© AFP
D'Corinne Cahen präziséiert, datt si nach net héieren hätt, datt d'Bewunner net dierfte bei d'Famill goen, dono misste si awer mat enger Quarantän rechnen.
Dierfen d'Residentë vu Fleege- an Altersheemer elo iwwer d'Feierdag eraus, fir bei Famill oder Frënn op Besuch ze goen? Déi Fro hat den CSV-Deputéierten Marc Spautz e Mëttwoch an der Chamber gestallt. Sengen Informatiounen no hätten nämlech direkt e puer Haiser decidéiert, hir Reegelen aus Angscht virum Virus nach ze verschäerfen. Der Familljeministesch Corinne Cahen ass nach net zu Ouere komm, dass een Haus de Residenten et géif verbidden, bei d'Famill heem ze goen. Allerdéngs wär d'Gestioun mam Virus an esou Haiser e ganz schwéiere Seeldanz, esou Corinne Cahen.
Sollt e Resident bei d'Famill goen, da misst dësen awer dono mat der Konsequenz liewen, datt hien dono a Quarantän wier, bis een no 7 Deeg en negativen Test huet. Déi Haiser awer, déi dat elo decidéiert hunn, hunn och d'Besuchszäit massiv ausgebaut, esou datt iwwert d'Feierdeeg vill méi Leit op Besuch kënne kommen, dat awer dacks op Umeldung an net spontan.
Der Ministesch no sollt all Famill, virop déi mat eelere Memberen, sech ganz gutt iwwerleeën, ob se dëst Joer misst zesummen iessen. Oder ob se sech net wëll kuerz gesi mat Mask an Distanz, a waarden, bis d'Leit duerch de Vaccin nees fräi wären. De Covid-19 kéint jiddereen treffen, esou nach d'Familljeministesch Corinne Cahen.
RTL-News: Invité vun der Redaktioun (17. Dezember) mam Corinne Cahen