En Donneschdeg de Moie war d'Familljeministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
D’Corinne Cahen huet d’Kritik vun CSV an ADR net gëlle gelooss, datt et kee kloert an detailléiert Konzept fir d’Alters- a Fleegeheemer a Servicer géing ginn. An der Haaptsaach géing et drëm goen, den Equiliber ze fannen tëscht der Fräiheet vun all Eenzelem an der Schutz vun der ganzer Communautéit virum Virus. Datt et an Däitschland 30 Säite Virschrëfte gëtt fir de Secteur a just 3 hei am Land wier net relevant. Déi Virschrëften „existéieren am Alldag“, sou d'Ministesch. Effektiv kéint een net ëmmer all Situatioun virausgesinn an d’Situatioun géing permanent evoluéieren. D’Konzept géing awer och dowéinst permanent adaptéiert ginn. D'Lignes de garde, déi zanter Summer en Place sinn, géingen zum Beispill gutt funktionéieren, Doktere géingen assuréieren, sou wäit et geet, datt déi eeler Leit am Alters- oder Fleegeheem betreit kéinte ginn an et wier dofir gesuergt, datt ëmmer déi néideg Medikamenter do sinn.
D’Familljeministesch huet dann och nach emol geroden, fir d'Feierdeeg misst jidderee sech froen, ob ee wierklech zesummen iesse soll oder ob een net besser hätt, sech méi kuerz a mat Mask a mat de Gestes barrières ze gesinn. Un d'Bewunner vun Altersheemer war et och d'Recommandatioun, am Beschten net raus bei d'Famill op d'Besuch ze goen, mä vun den erweiderte Besuchszäiten an de Strukturen ze profitéieren. Et wier een op der leschter Ligne droite. Duerfir sollt ee kucken, an dëser Zäit elo nach responsabel ze bleiwen.
Iwwerdeems den Educatiounsministère d‘Schoulen oprifft, fir no der Vakanz fir all Zenario prett ze sinn huet d’Familljeministesch Corinne Cahen de Moien op de Regierungsrot vun e Freideg verwisen. Si wéist net, ob d‘Chrëschtvakanz bis de 15. Januar verlängert gëtt oder éischter e méi generaliséierten Homeschooling op d’Been gesat gëtt. Sécher wier, datt am Educatiounsministère permanent Bestriewunge wieren, fir ze kucken, wéi d’Kanner weider kéinten an d’Schoul goen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.