Lëtzebuerg am LockdownZanter e Samschdeg gëllen déi nei Corona-Reegelen

RTL Lëtzebuerg
Zu den neie Mesurë gehéiert ënnert annerem d'Verlängerung vum Couvre-Feu. Dëse fänkt elo schonn um 21 Auer owes un.

Zanter e Freideg Hallefnuecht gëllen déi nei Covid-Reegelen hei am Land. Dat entspriechend Gesetz war jo en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt ginn an ass nach dee selwechten Dag zu Biarritz vum Grand-Duc Henri ënnerschriwwe ginn.

Zu den neie Mesurë gehéiert virop d'Verlängerung vum Couvre-Feu. Dëse fänkt elo schonn um 21 Auer owes un. Dat och op Silvester.

Nëmmen nach Butteker, déi sougenannt essentiell Produite verkafen, dierfen op sinn, an dann och effektiv just déi Produite verkafen.

Coifferen, Schéinheetssalonen, Solariumen an Tattoo-Studioe mussen hir Dieren erëm zoumaachen.

Restauranten dierfen hiert Iesse just nach liwweren an Take-Away offréieren.

Am ëffentleche Raum dierf keen Alkohol gedronk ginn.

Kulturhaiser dierfe just nach fir Recherche-Zwecker op sinn. Deemno dierfe Schüler, Studenten a Chercheuren déi national Archiven a Bibliothéike weider notzen.

Sportinfrastrukturen, egal op dobaussen oder dobannen, bleiwen zou. Just d'Elittesportler behalen Accès zur Coque.

Am Privaten dierfe just nach zwou Persounen, déi net zu engem Stot gehéieren, dobaussen zesummekommen, fir zesumme Sport ze maachen oder spadséieren ze goen. Ee Stot eleng, dierf deemno och zum Beispill zu 4 spadséiere goen, 4 Kolleegen aus verschiddene Stéit dogéint net.

All ausserschoulesch Aktivitéite sinn ofgesot. An och d'Crèchen an d'Maisons Relaise bleiwen zou.

Fir d'Niewewierkunge vum Vaccin géint de Coronavirus och iwwer laang Zäit ze suivéieren, dierf d'Informatioun, ob ee sech impfe gelooss huet oder net, bis zu 20 Joer laang gespäichert ginn. De Staat dierf dës Informatiounen awer net un auslännesch Autoritéite weiderginn.

Da bleiwen och eng Partie Reegele bestoen, wéi bis ewell. Zum Beispill, dass een net méi wéi zwou Persounen aus engem Stot dierf bei sech Doheem empfänken.

Bei Evenementer vu méi wéi 10 Leit, gëllt och weider eng Maskeflicht a jidderee muss eng fest Sëtzplaz hunn. Ausname gëllen zum Beispill fir den ëffentlechen Transport, Mäert oder Begriefnisser.

An engem zweeten Text gouf dann och festgehalen, dass de Congé pour raisons familiales erëm gëllt fir Leit, déi sech Doheem ëm hir Kanner ënner 13 Joer musse këmmeren, well d'Schoul op Distanz ofgehale gëtt oder d'Betreiungsstrukturen zou sinn.

Sollt ee sech net un d'Reegelen halen, da riskéiert een e Protokoll. D'Strof gouf hei vun 145 Euro op 300 Euro an d'Luucht gesat.

RTL-Artikel (21.12.2020): Lëtzebuerg geet an de Lockdown: Couvre-feu no 21 Auer a Fermeture vun net-essentielle Butteker no Chrëschtdag
RTL-Artikel (21.12.2020): Lockdown 2.0: D'Reaktioune schwanken tëscht Verständnis a Kritik

Back to Top
CIM LOGO