Mir hunn zesumme mam Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel e Réckbléck op d'Joer 2020 gemaach.

En aussergewéinlecht Joer ass op en Enn gaangen, en neit fänkt un, fir dat mer eis wuel alleguerten e bëssen Normalitéit zréckwënschen. Fir doriwwer ze schwätzen, wéi a wéi séier mir zeréck an déi Normalitéit kommen a fir op d'Joer 2020 zeréckzekucken, war de Premierminister Xavier Bettel eisen Invité beim Caroline Mart op der Tëlee.

Corona-Vaccin: E gudde Start an dat neit Joer

Ugefaange mam Hoffnungsschimmer, mat deem d'Joer 2020 dann awer nach opgehalen huet: Den Ufank vun der Impfcampagne. Dës Woch goufen déi éischt puer honnert Professionell aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur geimpft. Bis eng kritesch Mass vun der Populatioun duerch ass, dierft et allerdéngs nach daueren...

Xavier Bettel:"Et ass net fir déi nächst Wochen, wou all Mënsch geimpft ass. - Och net fir déi nächst Méint... Wat viséiert Dir? - Also ech hoffen, dass mer virun der grousser Vakanz et awer fäerdeg bréngen, mä dat ass och, wann d'Leit sech impfe loossen."

Am Januar sollen d'Deputéiert dann Informatiounen iwwert déi nächst Schrëtt vun der Impfcampagne kréien, esou de Premierminister, an och iwwert eng Zort Stufeplang, wéini wéi eng Mesurë geholl ginn, deen net nëmmen d'Oppositioun, ma och déi gréng Fraktioun an der Chamber gefrot haten. Fir e Pandemiesgesetz wéilt ee sech awer nach Zäit loossen, esou de Staatsminister.

Xavier Bettel:"E Pandemiesgesetz muss eppes sinn, wou een elo, wann d'Pandemie bis fäerdeg ass, à tête reposée an net direkt polemesch dann dat eent oder anert, dofir solle mer eis elo Zäit loossen."

Ëmstriddenen Denonciatiounsartikel fir Staatsbeamte gouf gestrach

De Xavier Bettel huet dann och erkläert, wéi et zum ominéisen Denonciatiounsartikel fir Staatsbeamte koum, deen d'Chamber-Gesondheetskommissioun aus dem Gesetz gestrach huet, dat aktuell a Kraaft ass.

Xavier Bettel:
"Dat war eben de Fait, an ech mengen d'Gesondheetsministesch huet dat jo och an der Chamber argumentéiert, dass een, deen zum Beispill fësche geet an den Dag net respektéiert, wéini e wat dierf fësche goen, dass et do eng Obligatioun gëtt vun engem Beamte fir ze denoncéieren an hei ass fir déi Leit, déi dann op engem Tracing géife schaffen, all Dag probéieren un een ze kommen, dee soi-disant soll a Quarantän sinn, dass se soen, hei deen do respektéiert seng Quarantän net. Et ass dunn erausgeholl ginn, well et sollt jo och net polemesch sinn, et ass och gutt elo sou wéi et ass."

Nobesserunge beim Gesondheetspersonal geplangt

Wann d'Corona-Pandemie eppes gewisen huet, dann ass et, wéi wichteg et ass, genuch Personal am Gesondheetssecteur ze hunn. An deem Sënn wier am Januar eng Reunioun tëschent der Regierung an der Infirmièresassociatioun Anil, fir ze kucken, wéi een de Beruff opwäerten an d'Formatioun ausbaue kann. Och bei den Doktere soll an deem Sënn nogebessert ginn. Och d'CGFP wëll de Xavier Bettel am Januar gesinn, dat fir iwwert de Reproche vu Privatiséierungstendenze beim Staat ze schwätzen.

Corona-Vaccin a Gesondheetspersonal / Rep. Fanny Kinsch

En zweeten Etat de crise soll verhënnert ginn

2020 a virun allem wärend dem Etat de crise haten de Xavier Bettel an d'Paulette Lenert eng Plattform, déi net mat normalen Zäiten ze vergläichen ass. Live gestreamt an all Stuff an op all Handy. Wärend dem Etat de crise konnt d'Regierung och all Decisioun selwer huelen - wënscht de Premier sech dat haut zréck? Nee, de Xavier Bettel sot, d'Regierung géif alles maachen, fir ze verhënneren, datt et nach ee mol zu engem Etat de crise kënnt.

Xavier Bettel: "Et war méi einfach, ech muss et zouginn, et war méi einfach, den Text hu mer decidéiert, da war en den Dag drop owes a Kraaft, mä et ass net gutt. Well den Text ass souguer an der Chamber reegelméisseg geännert ginn, souguer verbessert ginn, duerch de Staatsrot, duerch d'Chamber hu mer d'Texter geännert, an ech mengen, dass dat och wichteg ass, dass een an enger Demokratie, ob dat d'Commission consultative des droits de l'homme ass, ob dat de Conseil d'Etat, ob dat déi verschidde Chambere sinn, awer och hiren Avis ginn."

Impakt vun der Pandemie op d'Sondagen

Déi quasi-permanent Presenz an de Medien hat och en Impakt op d'Sondagen - dobäi huet d'Gesondheetsministesch awer nach e bësse besser ofgeschnidden, wéi de Premierminister - e Grond fir Jalousie?

"Ech hat kee Probleem, wéi den Här Asselborn, zanter dass ech Premier sinn, ëmmer viru mer war, dowéinst ännert et elo näischt, dass et d'Madamm Lenert ass."

Tëschent hien an d'Paulette Lenert kéim keen Zigarettebliedchen.

Sondage an Etat de Crise / Rep. Fanny Kinsch

"Näischt ze verstoppen"

Ugeschwat op den Informatiounszougang vun der Press sot de Premier- a Medieminister, et hätt een näischt ze verstoppen:

"Am Moment gesäit et jo net sou aus, wéi wann eng Retention de Chiffres géif gemaach ginn. All Dag kommunizéiert och de Santésministère, dee sammelt jo och all déi Zuelen, an déi stinn zur Verfügung. Et gëtt och e Rapport hebdomadaire gemaach. An deenen do Mesuren, déi mer elo geholl hunn, sinn och all déi Etüde mat ofgi ginn, och fir d'Parlament, och fir dass déi déi och kéinten hunn, ech mengen hei gëtt et näischt ze verstoppen. Et ass am Intérêt vu kengem hei iergendeppes ze verstoppen. Mä ech soen Iech awer, dass mer am Ufank keng gutt Experienzen haten, mä ech insistéieren net."

Schwieregt Joer fir d'Journalisten

Fir d'Journalistenassociatioun ALJP war d'Situatioun wärend dem 1. Lockdown, wärend deem d'Journaliste just hir Froen duerften eraschécken an net selwer op Pressekonferenzen dobäi waren, ganz problematesch. Et hätt een och an enger Rei Reunioune gefrot, dass dat sollt ophalen, sot de Generalsekretär vun der ALJP Roger Infalt en Dënschdeg am RTL-Interview.

Roger Infalt: "Well d'Journalisten net konnten déi Froe stellen, déi am Fong hätte misse gestallt ginn. Eben duerch deen Ëmstand, dass se net selwer op der Plaz waren an dat ganzt zimmlech Zäitversat war. Also mir ware guer net mat där Situatioun averstanen a mir sinn et och haut nach net. Mir hunn deemools gefrot, fir méi Asiicht ze kréien, an dat wat d'Zuelematerial ubelaangt an och wat d'Virgoensweis vun der Regierung an där Pandemie ubelaangt. Mir kruten do awer nëmmen zum Deel Genugtuung. Frou iwwert déi ganz Situatioun ware mer als Journalistenassociatioun ob jiddwer Fall guer net."

De Roger Infalt iwwert Informatiounszougang

Och onofhängeg vun der Kris géif et zu Lëtzebuerg ëmmer nach e Manktem un Transparenz ginn an d'Journaliste géingen och ënner Drock gesat ginn, wouduerch de Grand-Duché am weltwäite Ranking vun der Pressefräiheet net gutt géing ofschneiden, esou de Roger Infalt. Et bréicht dofir endlech en Informatiounszougangsrecht fir Journalisten.