Op de SonndegerZouen Diere si fir de Stater Geschäftsverband net novollzéibar

Pit Everling
Iwwerdeems zu Lëtzebuerger d'Butteker sonndes wärend de Solden zoubleiwen, kënnen d'Geschäfter a Frankräich Clienten empfänken.

Virop wier een natierlech frou, datt den Eenzelhandel den 11. Januar nees hätt kënnen opmaachen, sou d’Anne Darin, Directrice vum Stater Geschäftsverband. Datt elo wärend de Solde sonndes d’Diere mussen zoubleiwen, kéint een awer manner novollzéien.

On est un peu dans l’incompréhension façe à ce changement de dernière minute. Les soldes ont été décalées. On aurait préféré de commencer le 11 janvier. Les ouvertures dominicales, ça permet d’étaler les clients. Le dimanche est aussi dans ces temps difficiles important pour les ventes. C’est un peu l’étonnement, la déception. On aurait préféré au moins une ouverture dominicale - la première - accordée.

A Frankräich, wou déi selwecht Zäit Solde wieren, géifen et ouvertures dominicales ginn.

Nom Black Friday wieren eng Rei Saachen am Commerce schonn ëmgesat ginn, fir méi sanitär Sécherheet ze kréien, sou de Mëttelstandsminister Lex Delles.

Lo fir d’Solde géing et drëms goen, d’Mouvementer e bëssen ze bremsen. Et sollt op alle Fall net drëms goen, d’Leit ze incitéieren, fir elo vun de Solden ze profitéieren, fir sonndes ze flanéieren.

Mir sinn alleguer frou, och am internationale Verglach, datt mer de Commerce plus ou moins mat strikte Reegele kënne ophunn, vu méindes bis samschdes. Dofir ass et lo, fir wärend de Solden ze incitéieren, fir net nach supplementär Deplacementer ze maachen.

Hie kéint och verstoen, datt Leit sech Suerge maachen, datt iwwerhaapt Solde sinn. Hei misste verschidden Elementer ofgewie ginn. Et misst ee jo och bedenken, datt d’Commerçanten elo hir Stocke misste liquidéieren. Verschidde Geschäfter hätte jo och lo scho Promotiounen.

Stater Geschäftsverband / Rep. Pit Everling

CLC kann Decisioun net novollzéien: Autorisatioun, fir wärend de Solde sonndes opzehunn, gouf zeréckgezunn

Back to Top
CIM LOGO