Xavier Bettel reagéiert op Semedo-Affär
Et géif bei den Uschëllegunge géint seng Partei-Kolleegin net ëm „Klengegkeeten" goen, sot de Premier e Freideg.
Et ass kee „Kavaléiersdelikt": Esou reagéiert de Premier Xavier Bettel op d'Virwërf géint d'Monica Semedo nom Briefing op d'Nofro vu Journalisten. Wann d'Europaparlament sech dofir géif decidéieren, Deputéiert ze bestrofen, da wier eppes un den Uschëllegungen drun.
Xavier Bettel: „Wann d'Europaparlament eng Decisioun geholl huet, fir d'Madamm Semedo ze bestrofen an ze condamnéieren, dann ass eppes do. Den Här (David) Sassoli (Parlamentspresident) hëlt keng Decisioun, wann do näischt geschitt ass."
Mobbing wier keng Bagatelle, esou de Premier. Hien hätt, nodeems d'Situatioun bekannt gi wier, d'Gespréich mam Monica Semedo gesicht. D'Politikerin wier um Buedem zerstéiert. Hien hätt der Partei-Kolleegin awer och kloer gemaach, datt esou e Verhalen net akzeptabel war.
Xavier Bettel: „Ech hu mech bei hir gemellt, éischtens, fir ze gesinn, wéi et hir geet. Dat mécht een ënner Bekannten. An natierlech och fir ze soen, datt dat, wat geschitt ass, net geet. Ech akzeptéieren net, wat do geschitt ass. Dat doten ass ganz, ganz schlëmm an: Il n'y pas de fumée sans feu."
Et géif dat, wat geschitt ass, den Ament parteiintern analyséiert a gekläert ginn. D'Monica Semedo war e Méindeg fir 15 Deeg vum Europaparlament suspendéiert ginn. Si kritt "psychologesch Belästegung" géint hir akkreditéiert Assistente virgehäit. D'Politikerin krut hir Indemnitéite fir 15 Deeg gestrach a gëtt fir déi Zäit och vun allen Aktivitéite suspendéiert.