Christophe Hansen widdersprécht Duerstellung vun DP

© RTL
An de Couloiren allerdéngs, souwuel zu Bréissel wéi hei am Land, gouf scho méi laang iwwert d'Mobbingvirwërf spekuléiert.
Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen widdersprécht am RTL-Interview der Duerstellung vun der DP, et wier een eréischt viru Kuerzem iwwert d'Mobbingreprochë vum Monica Semedo informéiert ginn.
Dem konservative Politiker no, wieren déi éischt Rumeure scho lassgaangen, wéi d'Europadeputéiert hir Ekippen zejoert gewiesselt huet. Deen Ament wier och scho gewosst gewiescht, datt d'Saach virun den zoustännege Gremium am Europaparlament gedroe géif ginn. De Fall wier sécher scho méi laang diskutéiert ginn.
De Christophe Hansen reprochéiert der Demokratescher Partei och eréischt reagéiert ze hunn, wéi den Drock vun der Ëffentlechkeet, vun de Medien ëmmer méi grouss gouf. De Barometer op de soziale Medie wier wuel ausschlaggebend fir de Richtungswiessel an der Partei gewiescht.
Ob d'Monica Semedo am Europaparlament bleift misst si mat hirem Gewëssen ausmaachen. D'Fakten, wéinst deene si sanktionéiert gouf, wieren all Zäit ganz grave.
Weider Reaktioune vun LSAP an CSV
Ech weess, wat ech géif maachen, wann ech géif aus menger Partei austrieden oder ausgeschloss géif ginn, ech géif mäi Mandat der Partei zeréckginn, seet den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel an enger éischter Reaktioun op den Austrëtt vum Monica Semedo aus der DP. Et géif een op enger Lëscht gewielt ginn. Ënnert dem Fändel vun enger Partei a Wale goen. Fir de Rescht wollt de sozialistesche Politiker d'Interna vun der DP net kommentéieren. Op d'Fro, ob d'Mobbing-Affär en Imageschued fir d'Lëtzebuerger Europadeputéiert wier, huet de Marc Angel gemengt, et géif een den Ament, covid-bedéngt, net vill Parlamentarier begéinen. Duerfir kéint hien dat den Ament net jugéieren. Dat Ganzt wier awer en Imageschued fir d'Institutioun Europaparlament.
De fréieren CSV-Europadeputéierte Frank Engel, dee jo ëffentlech d'Demissioun vum Monica Semedo bei eis op der Antenn gefuerdert hat, gesäit et och kritesch, datt déi gewielte Parlamentarierin bis ewell näischt iwwer hiert Mandat gesot huet. Dobäi hätt si dat Mandat ausschliisslech, well se vun der DP an dem Staatsminister Xavier Bettel "wéi eng Monstranz duerch déi Walcampagne gedroe gouf."
Reng juristesch besteet d'Méiglechkeet, nom Austrëtt aus senger Partei als onofhängege Politiker weider am Europaparlament ze sëtzen.