An engem oppene Bréif weise sech 120 Enseignanten an Educateure beonrouegt vun de sanitäre Mesuren an de Schoulen.

An engem oppene Bréif, deen en Donneschdeg verëffentlecht gouf, adresséiert sech de Maître Jean-Marie Bauler am Numm vun 120 Enseignanten an Educateuren, ënnerstëtzt vu villen Eltere wéi et heescht, un den Educatiounsminister Claude Meisch.

D'Signatairen, déi anonym wëlle bleiwen, soe sech beonrouegt vun de sanitäre Mesuren an de Schoulen a sinn net d'Accord, datt si an d'Kanner an der Klass d'Mask mussen unhalen. Dat betraffent Léierpersonal an d'Educateuren an Educatricë stellt d'Effikassitéit vun de Masken a Fro a verweist op déi negativ Konsequenzen, gesondheetlecher a psychologescher, déi de Mond-Nues-Schutz hirer Meenung no géif mat sech bréngen.

Am Bréif gëtt och d'Gravitéit an d'Mortalitéit vum Coronavirus hannerfrot. De sanitäre Risk duerch de Covid-19 wier net méi schlëmm, wéi dee vun der Gripp, liest een. D'Signatairen zéien dorausser hir Konklusioun. Si géifen d'Kanner net méi obligéieren, eng Mask unzedoen, sou laang wéi se net wësse géifen, wéi d'Situatioun vun der Pandemie ass, ob de wëssenschaftlechen Notze vun enger Mask kloer bewisen, an d'Fro vun der Responsabilitéit vu physeschem a mentalem Schued gekläert ass.

D'Enseignanten an Educateure gi souguer nach méi wäit am Schreiwes a fuerdere carrément, datt d'Maskeflicht an de Schoulen an an de Betreiungsstrukture ganz soll opgehuewe ginn. Och misst en ëffentlechen Debat gefouert ginn iwwert eng nohalteg Visioun vun der Educatioun, fir datt d'Mënschen a Fridden, Respekt an Dignitéit zesummeliewe kënnen.

Hei geet et bei de kompletten oppene Bréif!

D'Paulette Lenert hat am November d'lescht Joer op verschidde Verschwierungstheorie vum Jeff Engelen a puncto Maske geäntwert.

Den Educatiounsministère a Gewerkschafte reagéieren a weise sech nawell iwwerrascht

"D'Thema vun de Masken ass an de Schoule kee grousse Sujet méi. Dofir si mer och iwwerrascht iwwert dat Schreiwes." Dat sot den Lex Folscheid vum Educatiounsministère als Reaktioun op den oppene Bréif. Et géif eng breet Akzeptanz bei de Kanner, Schüler, Enseignanten an Educateure ginn.

Där Meenung ass och de Patrick Arendt vum SEW. De Bréif an d'Aussoe géifen a kengster Weis der Meenung vun der Majoritéit vun den Enseignanten entspriechen, au contraire. D'Enseignanten déi zum Beispill mat ganz klenge Kanner schaffen, wou ouni Mask geschafft gëtt, géifen sech zum Deel ganz grouss Suergen maachen, seet de Patrick Arendt: "Et ass a kengster Weis dat, wat mir als Retour aus de Schoule kréien. Au contraire! D'Leit ginn de Risiko bewosst an an d'Meenung ass datt d'Masken sënnvoll sinn. D'Enseignanten halen sech an der gréisster Majoritéit un dat wat d'wëssenschaftlech Etüden soen."

Den SNE/CGFP betount datt si Bildungsexperten a keng Gesondheetsexperte wieren, an dofir an dësem Fall vertrauen an d'Experten hunn. De Patrick Remakel vum SNE: "Mir als Enseignant sinn déi Professionell vun der Educatioun an definitiv keng Gesondheetsexperten. An dofir mussen mer och als Enseignant op dat vertrauen, wat d'Gesondheetsexperten och fir d'Schoul virschloen."

De Gewerkschafte sinn donieft och keng Retouren an déi Richtung bekannt. Et wier schwiereg iwwert de Sujet ze schwätzen, wann een net wéist wien hannert dem Bréif stécht, sot nach de Lex Folscheid. De Ministère géif awer nach emol um Terrain sondéieren, fir ze kucken, a wéi wäit d'Droe vum Mask a Fro gestallt gëtt. Et wier extrem wichteg ze wëssen, ob déi Leit dëst och an hirer edukativer Aarbecht a Fro stellen.

Wann ee bis wéisst, wien hannert dem Bréif stécht, wéilt een och d'Gespréich mat deene Leit sichen, fir e konstruktiven Dialog mat hinnen ze féieren, sot nach den héije Beamten am Educatiounsministère. Et wier nämlech schwiereg iwwert de Sujet ze schwätzen wann ee net wéist wien hannert dem Bréif stécht, seet de Lex Folscheid vum Educatiounsministère. Um Terrain soll elo sondéiert ginn fir eraus ze fannen a wéi wäit d'Mask droen a Fro gestallt gëtt. Et wier extrem wichteg ze wëssen ob déi Leit dëst och an hirer edukativer Aarbecht a Fro stellen: "Do ass et kloer datt d'Personal wat am Kontakt mat de Kanner ass, fachlech a sachlech korrekt muss informéieren. Mee ech muss och kloer soen datt dat hei bis elo keng Suerg vun eis war."

An tëscht hu sech jo och schonn eng Partie Enseignanten op de sozialen Reseauen vun deem Bréif distanzéiert. De Patrick Arendt versteet datt d'Leit rose ginn wann se sou Saache liesen: "Op där anerer Säit mengen ech, datt een engem anonymmen Bréif, wou ee guer net weess, wien a wéi vill Leit dohannert stiechen, déi Wichtegkeet soll ginn. Mir als Gewerkschaft hunn dat net opgegraff. Mir wëssen wéi d'Astellung vun de Leit ass a maachen eis éischter Suergen ëm d'Gesondheet."



D'Reaktiounen Online falen deelweis hefteg aus

„Je suis… pas ee vun deenen 120 do“, esou reagéieren eng Rei Enseignanten e Freideg de Moien op de soziale Reseauen op en oppene Bréif dee vun 120 Enseignanten anonym ënnerzeechent gouf, e Bréif an deem wéi gesot behaapt gëtt, de Risk vum Covid wier net méi grouss ewéi bei enger normaler Gripp. Donieft hannerfroen déi Corona-skeptesch Enseignanten d’Effikassitéit vun de Masken a wëllen hir Schüler net méi zwéngen eng unzedoen.

Am Bréif, dee via den Affekot Jean-Marie Bauler un den Educatiounsminister Claude Meisch geriicht ass, gëtt sech op eng Rei Sourcen um Internet beruff. Dorënner sinn Internetsitten déi – ewéi nogewisen ass – op d’mannst zum Deel falsch Informatioune publizéieren.

Zur Erënnerung och: Laut aktuelle Covid-Reegelen ass a gewëssene Situatiounen, notamment an der Schoul de Mask obligatoire. Et ass och generell gewosst a wëssenschaftlech unerkannt, dass de sanitäre Risk vu Covid-19 méi grouss ass, wéi beispillsweis bei enger saisonaler Gripp.


D'Piraten hunn dann e Freideg an deem Kontext och eng parlamentaresch Fro gestallt!

Nott vun RTL: Déi Persounen, déi am Video-Reportage ze gesi sinn, hunn näischt mam oppene Bréif ze dinn.