Iwwer 350 Persounen aus dem Horeca-Secteur hunn an der Stad demonstréiert
D’Restaurateuren a Cafetiere fille sech vergiess. Dat well déi vun der Regierung versprachen Hëllefen net séier genuch ukommen.
Wéi d'Organisateure vun der Manifestatioun e Samschdeg den Owend matgedeelt hunn, hu méi wéi 350 Leit (am Ufank war vun 150 Persoune rieds) aus dem Horeca-Secteur an der Stad manifestéiert a si vum Knuedler bis bei d'Chamber getrëppelt. D'Participanten hätte gären, datt d'Caféen an d'Restauranten ënnert gewëssen Hygiènes-Konditiounen erëm kënnen opmaachen.
Fir d'Verbreedung vum Coronavirus an den neie Varianten anzedämmen, gouf jo decidéiert, déi aktuell Mesurë bis den 21. Februar ze verlängeren, sou datt den Horeca-Secteur op d'mannst bis deen Dag wäert zoubleiwen. D’Restaurateuren a Cafetiere fille sech vergiess. Dat well déi vun der Regierung versprachen Hëllefen net séier genuch ukommen.
D’Leit fäerten, datt vill Restauranten a Caféen duerch d’Corona-Restriktioune faillite maachen. Zejoert gouf et 127 Faillitten am Horeca-Secteur registréiert. Dat waren der 44 manner ewéi nach 2019. De Wonsch vun de Restaurateuren a Cafetieren ass, datt de Secteur nees méiglechst séier opmaachen dierf. Se brauche Planungssécherheet.
Virun allem kleng Caféen a Restauranten hunn et schwéier. Dës hätte wéineg Reserven, huet et weider geheescht. Et war bis ewell déi 3. Maniff vu Restaurateuren a Cafetieren.