Wéi steet Lëtzebuerg do Punkto erneierbar Energien?

Wat sinn d'Ambitioune vum Grand-Duché? A wéi soll dat alles finanzéiert ginn?
Déi Froe stoungen am Fokus vun enger Konferenz, déi vum Eufores, dem europäeschen Forum fir erneierbar Energie-Sourcen zesumme mat der Chamber organiséiert gouf. Iwwer 3 Stonne gouf d'Situatioun vu Lëtzebuerg duergeluecht an diskutéiert.
"Mir sinn e klengt Land mat enger immens héijer Demande un Energie. Wéinst der Industrie, mee och dem Tanktourismus". Dat huet den Energieminister Claude Turmes ënnerstrach. Lëtzebuerg kéint sech ni selwer zu 100% mat erneierbaren Energie versuergen, huet de grénge Minister betount, et misst een also importéieren an dofir wier een och proaktiv an der EU-Politik involvéiert.
Op d'CO2-Steier ugeschwat, sot de Claude Turmes: "Ech sinn iwwerzeegt, datt d'Steier ni méi verschwanne wäert, an datt se vun der Gesellschaft acceptéiert gëtt. Engersäits ginn d'Stéit kompenséiert, déi drop ugewise sinn an de Rescht vum Geld an d'Modernisatioun vun der Ekonomie fléisst. Ech mengen, an 2-3 Joer wäert d'Fundament gutt sinn a gutt genuch, fir datt déi nächst Regierung nach méi ambitiéis ka sinn."
D'Heize vun de Gebaier an d'Mobilitéit maachen zu Lëtzebuerg de Gros vun den CO2-Emissiounen aus. Fir Changementer op deenen Niveauen ze kréien, géif sech och d'Fro stellen, wien dat finanzéiert, huet den Direkter vum ILR, Camille Hierzig betount. D'Investissementer missten organiséiert a verbessert ginn:
"Wann ee sech haut d'Ëmwelttaxen ukuckt, stelle mer fest, datt d'Elektrizitéit de gréissten Deel ausmécht. Dat ass net ganz logesch, well d'Elektresch wäert bleiwen an d'Fossiller verschwannen. Wann ee bis d'Transitioun mécht, wisou brauch een dann nach Taxen op der Elektrizitéit. An ech froe mech och, ob dat de richtege Signal ass. Et muss een d'Taxen net erhéijen, mee se anescht verdeelen a méi Taxen op ëmweltschiedlech Produite setzen, wier a mengen Aen eng Approche, déi d'Bewosstsinn fërdere géing."
Adaptatiounen, déi a puncto Solarenergie gemaach goufen, energetesch Renovatioun vun Haiser oder Elektro-Mobilitéit wiere jo begréissenswäert, sot den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg, Raymond Aendekerk, mee et misst een nach méi wäit kucken, méi kreativ ginn.
"Mir brauche méi Engagement an der Politik, den Administratioun, Gewerkschaften an der Industrie, der Landwirtschaft, Schoulen etc."
Fir d'Natscha Lepage vu Youth for Climate Lëtzebuerg muss definitiv méi gemaach ginn, wéi dat wat an de leschte 5 Joer zanter dem Paräisser Klimaaccord gemaach gouf:
"Déi lescht Joren hunn eis gewisen, datt ze vill Zäit verluer gaangen ass mat eidele Verspriechen. E Systemwiessel ass néideg, fir d'Klimakris an de Grëff ze kréien."
Wärend der Konferenz goufen iwwregens eng ganz Partie Projeten aus dem Grand-Duché presentéiert, best-practices also. Dozou gehéiert zum Beispill Soler, den Energiepark Réiden oder Enercoop an Etika.