Klasse vum Cycle 2 a Quarantän, all Persoun gëtt getest

© AFP (Archiv)
An der École Albert Wingert gëtt et e Cluster vu Corona-Fäll. Betraff sinn e puer Klasse vum Cycle 2 an eng vum Cycle 4.
Nodeems de Cycle 2 vun der Schëfflenger Grondschoul Albert Wingert a Quarantän gesat gouf, sollen en Donneschdeg all d'Schüler an d'Léierpersonal vun de Cyclen 1, 3 a 4, déi nach an der Schoul sinn, duerch eng mobil Ekipp getest ginn.
Wéi de 26. Januar ee Member vum Personal positiv getest gouf, deen a méi Klasse vum Cycle 2 am Asaz war, goufen doropshin dës Klassen ecartéiert. Wann et an der Klass schonn en anere positive Fall gouf, ass d'Klass a Quarantän komm. Den 1. Februar goufen déi betraffe Klasse getest. Doduerch konnten 12 weider Fäll vu Covid-19 fonnt ginn.
Aktuell wieren 3 vu 7 Klasse vum Cycle 2 vum Virus getraff, esou ass et am Communiqué vum Educatiounsministère ze liesen.
Schreiwes vum Educatiounsministère
Le cycle 2 de l’école fondamentale Albert Wingert à Schifflange mis en quarantaine | |
| |
Le 26 janvier 2021, un membre du personnel de l’école fondamentale Albert Wingert à Schifflange, intervenant dans plusieurs classes, essentiellement du cycle 2, a été testé positif. Plusieurs classes du cycle 2 et une classe du cycle 4 ont dû ainsi être mises soit à l’écart (scénario 1) soit en quarantaine (si la classe comptait déjà un autre cas). Dans la même semaine, deux enseignants ont également été testés positifs. |