
Landeswäit all déi Associatiounen zesummebréngen, déi sech fir d’Erhale vum gebaute Patrimoine asetzen – dat ass d’Zil, dat 6 Associatiounen aus dem Beräich vum Denkmalschutz sech zejoert gesat hunn. Elo ass en éischte wichtege Schrëtt realiséiert: Iwwert de Wee vun enger Federatioun wëll ee méi Drock maachen op d’Politik, déi decidéiert, wat fir Haiser respektiv Gebaier als Zäitzeie stoe bleiwen a wéi eng verschwannen. Dass d’Bierger net mat all Urteel vu Staat a Gemengen averstane sinn, weisen déi rezent Protestaktiounen - an deene gëtt déi nei gegrënnte Federatioun vun elo u méi Gewiicht.
Wat déi eng um Terrain maachen, versiche si vu bannen z’erreechen. Si, dat sinn nieft dem Mouvement Patrimonial an der Sauvegarde du Patrimoine déi vu Käerch a Kielen, d’Lampertsbierger an déi aus der Alstad, al Huesen am Denkmalschutz, déi scho villes fale gesinn hunn a mam Fanger op déi weisen, déi et, hirer Meenung no, Schold sinn: Zwee Ministèren, zwou Tutellen, Kultur an Interieur. Am Kloertext: Do ass een ze vill, monéiert de President vun der neier Federatioun, Paul Ewen.
Paul Ewen: “Et funktionéiert einfach net! Mir gesi permanent Gebaier, déi digne de protection wieren, wou d’Gemenge se net an de PAG opgeholl hunn oder esouguer wa se se opgeholl hunn, déi kënnen ofgerappt ginn – esouguer constructions à conserver kënnen ofgerappt ginn. Ee schiebt deem aneren d’Responsabilitéit zou iwwer d’Protektioun. Déi Systemer sinn net vun engem Ministère geleet, mee vum Interieur an der Kultur, do leien also verschidden Intressie vir”.
Grad wéi Sites et Monuments schwätzt och de Paul Ewen vu Gemengen, deenen um Denkmalschutz glat a guer näischt läit. En nennt als Beispiller, Wäiswampech, Mamer, Péiteng a Kielen “extraordinär onkooperativ”, wat de Schutz vum patrimoine bâti ugeet. Op dës Manéier wier e koherenten Denkmalschutz zu Lëtzebuerg net a ni dran, sou de Chef vun der Federatioun, deen drun erënnert, dass si schonn 10 Joer laang eng eleng national Responsabilitéit fuerderen. Bis haut géif gewurschtelt, ouni Logik oder Koherenz, ouni Rechtssécherheet och fir de Proprietär, erkläert de Federatiounspresident Paul Ewen, deen iwweregens am Fielsser Gemengerot sëtzt.
Paul Ewen: “E Beispill kënne mir iech nennen, vun enger anerer Gemeng, e Gebai dat Denkmal geschützt ass säit 2020, wou d’Gemeng awer elo aushänkt, dass d’Gebai kann ofgerappt ginn. Probéiert Iech emol virzestellen, wat dat fir e Message un de public oder Proprietär, un d’Associatiounen oder d’Land ass. An d’Gemeng léisst en Ziedel aushänken un d’Dier, dass et eng permission de démolition gëtt... wat soll dat, wat ass dat fir e Message?”
D’Associatioune schaffen also weider op lokalem Plang, als Federatioun wäert een et global ugoen. D’Politik misst sech bewosst ginn, wat hei um Spill steet, seet de Paul Ewen, dee Systemer mat Kapp a Schwanz freet, fort vum legislative Ping Pong, op Käschte vun eisem Patrimoine.