Droit à l’oubli soll gesetzlech verankert ginnLeit no enger schwéierer Krankheet net weider penaliséieren

Monica Camposeo
Wien eng schwéier Krankheet iwwerstanen huet, kann trotzdeem e Liewe laang dowéinst penaliséiert ginn. Zum Beispill am Fall vun enger Liewensversécherung oder engem Immobilieprêt.
D'Taina Bofferding an de Claude Haagen presentéieren d'Propositioun de loi vun der LSAP zum Droit à l'oubli.
D’Taina Bofferding an de Claude Haagen presentéieren d’Propositioun de loi vun der LSAP zum Droit à l’oubli.
© Monica Camposeo

E Gesetzesvirschlag vun der LSAP fir den Droit à l’oubli wëllt änneren, datt een no schwéierer Krankheet nach weider penaliséiert gëtt. Et geet ëm Solidaritéit, esou d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding. Aktuell reegelt eng Konventioun tëscht der ACA, der Vereenegung vun den Assurancëgesellschaften, an dem Gesondheetsministère dëse Volet. Ma et gëtt awer op d’Fräiwëllegkeet gesat an et gëllt e Plaffong par rapport zu der Reschtscholdversécherung vun enger Millioun Euro. Doriwwer eraus gi just Immobilieprête beuecht. Mat der Proposition de loi sollen och aner Zorte vu Prêten, fir déi eng Assurance gefrot gëtt, vum Droit à l’oubli profitéiere kënnen.

PDF Schreiwes LSAP

D’Haaptännerung ass awer, dass net méi op d’Fräiwëllegkeet gesat gëtt, mee dat Ganzt an engem Gesetz verankert gëtt. Beim Text gouf sech op d’Nopeschlänner baséiert. An der Belsch an a Frankräich gëtt et de legale Kader nämlech schonn.

Et geet dorëms, dass Leit, déi wéinst enger Krankheet scho vill gelidden hunn an dann als geheelt gëllen, spéiderhin net dowéinst anescht solle behandelt ginn, esou de Claude Haagen géintiwwer der Press. De medezinesche Fortschrëtt ass och elo esou, dass d’Heelungschancen nach besser sinn, esou nach den LSAP-Deputéierten. Et soll dowéinst e Recht sinn, dass d’Krankheet bei Kontrakter net méi muss en compte geholl ginn. Et soll och ugeduecht ginn, dass d’Grille de référence, also d’Lëscht vun de Krankheeten, erweidert gëtt. Dës Grille ass dowéinst bewosst net an der Proposition de loi verankert, erkläert de Claude Haagen. Mä e Comité de suivi soll dat all sechs Méint iwwerpréiwen. An dësem Comité soll souwuel de Versécherungssecteur, wéi och nach d’Santé oder de Konsumenteschutz an Experten aus der Medezin vertruede sinn.

D’Taina Bofferding an de Claude Haagen gesi kee politescht Thema an dësem Dossier an hu sech zouversiichtlech gewisen, dass de Gesetzesvirschlag e politesch iwwergräifende Konsens an der Chamber fënnt an dann, wann et souwäit ass, och unanime ka gestëmmt ginn.

Wéi vill Leit hei am Land als geheelt gëllen no enger schwéierer Krankheet, ass net gewosst. Wat de Kriibs ugeet, esou kommen all Joers 3.400 nei Fäll bäi. 18.000 Leit liewen aktuell mat där Krankheet zu Lëtzebuerg.


Mir siche Leit fir en Temoignage

Back to Top
CIM LOGO