An 2 Méint bal 700 Demanden op d'Hëllef "Couts non couverts"

© RTL Archiv
De Mëttelstandsminister Lex Delles äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vu sengen DP-Parteikolleege Carole Hartmann an André Bauler.
Déi nei Hëllef "Coûts non couverts", déi spillt fir Käschten, déi Betriber an Independanten duerch Pandemie-bedéngt Ausfäll net decke kënnen, huet zanter Dezember eng grouss Resonanz.
Sou goufen tëscht Dezember an ugangs dëser Woch 653 esou Demanden eragereecht, dovunner goufen der awer 111 nees zeréckgeschéckt, well se net komplett waren.
Haaptgrond heifir war, datt de Montant vun de Recetten iwwert deem vun de Pertë louch an datt d'Perte vum Chiffre d'affaires ënner dem Seuil vu 40% louch. Vun den anere ronn 540 Dossiere goufen der 364 accordéiert an 79 refuséiert.
Wéi et heescht, géif eng Demande, fir eng Hëllef ze kréien, bannent 3 Deeg traitéiert ginn. Bei engem Accord wieren dann d'Suen no enger Woch och um Kont vun der betraffener Firma.
D'Hëllef fir net-gedeckt Käschten ass awer net déi mam meeschten "Succès": Sou goufen zanter Dezember ronn 2.600 Demandë gestallt fir d'Aide de relance, ronn 1.700 Dossieren eragereecht fir d'Aide indépendants an eng 300 Demanden, fir Avancen ze kréien, déi awer mussen zeréckbezuelt ginn.
Hei déi komplett Äntwert op déi gestallte parlamentaresch Fro am PDF.