RegierungsrotNei Mesuren, fir de Betriber ënnert d'Äerm ze gräifen, decidéiert

RTL Lëtzebuerg
D’finanziell Hëllef fir d’net gedeckte Käschte gëtt bis Juni mat verlängert an déi Mesure gëtt och fir Entreprisen, déi rezent geschaaft goufen, opgemaach.
© AFP (Archiv)

Donieft ginn an Zukunft 100% vun de Käschte kompenséiert, wann eng Firma huet misse ganz zoumaachen an dat selwecht gëllt fir Hoteller, déi 75% vum Ëmsaz verluer hätten.

Eng aner zousätzlech Mesure ass déi, datt d’Revenue vun Takeaway a Liwwerungen zu 25% beim Calcul immuniséiert ginn. An d’Plaffonge fir d’Hëllef fir net gedeckte Käschte gëtt ëm 50% an d’Luucht gesat.

D’Horesca-Federatioun huet per Communiqué d’Mesurë begréisst, well dat wieren hir Haapt-Revendikatioune gewiescht. Allerdéngs bedauert se, datt d’Adaptatiounen net retroaktiv applizéiert wäerte ginn. Donieft fuerdert d’Horesca-Federatioun, datt d’finanziell Hëllef bis Enn vum Joer verlängert gëtt an d’TVA fir de Secteur op 3% erofgesat gëtt.

Chamber: Regierung passt finanziell Hëllefe fir Betriber un

Back to Top
CIM LOGO